D'Personaldelegatioun fuerdert, datt si den Tëscherapport vum externen Audit sou séier méiglech presentéiert krit,t esou d'Personaldelegéiert Daniela Willems. Déi Waardezäit wier mëttlerweil immens laang an hätt een en "erdréckend Gefill" beim Personal ausgeléist. Bis de 26. November wier och nach eng laang Zäit an d'Personal géif sech erwaarde fir an den nächsten Deeg Informatiounen ze kréien.
Positiv wier awer, datt vill Leit fir den Audit gelauschtert goufen, sou wéi d'Delegatioun et verlaangt hat. Den OGBL-Delegéierte Joel Delvaux geet dovun aus, datt ronn 80 Leit interviewt goufen.
"Och all déi Leit déi am Fong eisen Dossier ausgemaach hunn. Déi entweder gekënnegt kruten mat Raison totalement exagérée oder Leit, déi gaange sinn, well se et einfach d'Situatioun net méi ausgehalen hunn. Déi sinn och mat an den Audit agefloss a konnten hiren Temoignage ofginn."
Tëschent der Personaldelegatioun an dem Direktiounscomité vun der Diddelenger Fondatioun Kräizbierg gëtt et zanter Méint eng Vertrauenskris. Déi ganz Situatioun hätt och ee psycheschen Impakt op d'Awunner, esou d'Daniela Willems. Den OGBL hofft nach ëmmer, datt de Verwaltungsrot wäert handelen.