Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Weaver - Perfect Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat si keng Eenzelfäll"

Mëssstänn am Blannenheem

"Dat si keng Eenzelfäll"

D'Mëssstänn, op déi d'Famillje vu Bewunner aus dem Blannenheem zu Rolleng bei Miersch dës Woch opmierksam gemaach hunn, si keen Eenzelfall, esou de Joel Delvaux vum Département Travailleurs Handicapés beim OGBL. Hien erkläert, datt dëst leider eng Problematik wier, déi et och scho laang virun der Corona-Kris a villen Institutioune ginn hätt.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Reegelméisseg géif säin Departement beim OGBL vun direkt betraffene Leit aus Institutioune kontaktéiert ginn, oder vu Familljememberen, esou de Joël Delvaux. Dat géif vun einfache Mëssstänn bis hin zu kierperlecher Gewalt goen.

Dowéinst hätt ee Kontakter mat Ministère gehat, mat der Mënscherechtskommissioun an et hätt een deelweis Affäre virun d'Justiz bruecht, wéi zum Beispill beim Fall an engem Atelier protégé, wou Kaderpersonal sech un enger Mataarbechterin vergraff hätt, déi e Statut als Travailleur handicapé gehat hätt. Déi Persoun hätt also solle protegéiert ginn.

Méi generell ass et dem Joël Delvaux vum OGBL wichteg, datt d'Bewunner an d'Usagere vun Institutiounen hir Rechter als Bierger net géife verléieren. An hie kritiséiert, datt Gestionnairë vun deenen Institutiounen "d'Roll vu Mama a Papa iwwerhuelen, déi decidéieren, wie wéini wat ze maachen huet". Wa sech net un d'Reegele gehale géif ginn, da géif ee bestrooft ginn.

Et dierft net sinn, datt elementar Biergerrechter einfach géifen ignoréiert ginn, well een op enge Kéier an enger Wunnstruktur lieft, betount de Joël Delvaux. Hien ass och der Meenung ass, datt déi zoustänneg Ministèrë bei Problemer eng Responsabilitéit hätten, wéinst der staatlecher Matfinanzéierung vun de privaten Institutiounen.