Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialdialog, och am Haut-Comité fir d'Finanzplaz?

Onofhängege Gewerkschaftsbond

Sozialdialog, och am Haut-Comité fir d'Finanzplaz?

Den OGBL-President werft der CSV-Oppositioun vir, fir eng Austeritéits- a Spuerpolitik anzetrieden. D'Regierung gëtt fir hir Politik a Reforme gelueft. Dernieft kritiséiert den André Roeltgen, datt den OGBL vu villen Diskussiouns-Plattformen ausgeschloss wier.

auto_stories

2 min

Iwwert de Wee vu villen neien Diskussiouns-Plattforme géingen d'Gewerkschafte vum Sozialdialog ausgeschloss ginn. Als Beispill nennt den OGBL-President d'Haut-Comitée fir d'Finanzplaz an d'Industrie. Et géing endlech Zäit ginn, datt den OGBL mat um Dësch géing sëtzen, seet den André Roeltgen.

Et kéint net sinn, datt Paralleldiskussioune gefouert géinge ginn. An deem Fall géing d’Regierung hiert Versprieche vun enger Revitaliséierung vum Sozialdialog net aléisen. Grad am Kader vun der Digitaliséierung vun der Ekonomie wär dat wichteg.

Sondagë reflektéieren d'Vergaangenheet?

Den OGBL-President stellt sech hannert d’Politik vun der Regierung a reprochéiert der CSV, eng Austeritéitspolitik ze verdeedegen, déi net am Trend vun der Zäit leit. Déi aktuell fir d'Regierung schlecht politesch Sondage géingen de Reforme vun der Regierung nach net Rechnung droen. Enger Ëmfro vu Wort an RTL no verléieren LSAP an DP am Norden an am Osten all Kéier ee Sëtz un d'CSV. Dem André Roeltgen no géingen déi nächst Ëmfroe besser fir d'Regierung ausfalen.

Den OGBL-President confirméiert, datt den Nico Clement als neie President vum Verwaltungsrot vun Editpress proposéiert gouf. D'Mammenhaus vun den Dageszeitungen Tageblatt, Quotidien a Jeudi gehéiert der Gewerkschaft. Den Nico Clement ass Member am OGBL-Virstand. Zu den Interna bei Editpress wollt den André Roeltgen näischt soen. Déi satiresch Zeitung Feierkrop hat gemellt, datt de Grupp finanziell Schwieregkeeten huet.

Nach kee Suivi vun der Rifkin-Etude

De Wirtschafts- a Sozialrot krut den Optrag vun der Regierung, fir de Suivi ze maache vun der Rifkin-Etude. Déi Etude gouf am Optrag vun der Regierung gemaach, fir Pisten auszeschaffen, wéi d’Lëtzebuerger Ekonomie digitaliséiert a méi nohalteg kann opgestallt ginn. D'Gewerkschafte waren net am Grupp derbäi, deen d'Ausschaffe vun der Etude geleet huet.

Dem André Roeltgen no huet de Wirtschafts- Sozialrot sech nach net mat der Rifkin-Etude befaasst, dat géing awer geschwë geschéien. Dofir géing eng intern Kommissioun geschaf ginn, déi eng Aarbechtsmethod wäert festleeën. Déi Diskussioune wäerte sech awer net op d'Rifkin-Etude beschränken, seet den André Roeltgen, deen eng méi breet Debatt iwwert déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung vu Lëtzebuerg erwaart.