Dem OKAJU feelt beispillsweis eng national Kannerschutz-Helpline, wéi et se schonn a Frankräich gëtt. Och de sougenannte "Barnahus"-Projet géif feelen - eng Struktur, an där mannerjäreg Affer an Zeie vu Gewalt medezinesch, juristesch a psychologesch betreit ginn.
Den OKAJU begréisst, datt nach an dëser Legislaturperiod d'Ofstamungsgesetz an de Jugendschutz solle reforméiert ginn - vermësst awer, datt nach ëmmer net geplangt ass systematesch Statistiken zur Liewenssituatioun vu Kanner a Jugendlechen ze erhiewen. Esou Indicateure wieren awer wichteg, betount den OKAJU.
Verbesserungspotential
De Gros vun de Projete wier net néi, mee éischter iwwerfälleg respektiv schonns decidéiert - ewéi beispillsweis d'Verankerung vu Kannerrechter an der Verfassung.
Verschidden Usätz ewéi alle Kanner déi selwecht Bildungschancen ze gi wieren och ze vage formuléiert: Nach ëmmer géif eng grondsätzlech Iwwerleeung feelen, wéi een déi sozial bedéngten "Bildungsschere" kéint ugoen.
Den Aktiounsplang schonn d'nächst Joer ze evaluéiere schéngt dem Charel Schmitt awer ze fréi: Et wier besser sech heifir méi Zäit ze loossen.
Den Nationalen Aktiounsplang fir Kannerrechter wier deemno e wichtege Schratt an eng ressortiwwergräifend Koordinatioun vun der Kannerpolitik - ma elo bräicht een déi entspriechend generéis Budgeten a néideg Ressourcë fir en och ëmzesetzen, esou den OKAJU.