Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ombudsman fuerdert méi Zoustännegkeeten

Mediatioun

Ombudsman fuerdert méi Zoustännegkeeten

D'Médiatrice Claudia Monti wëllt méi Zoustännegkeeten. Am Moment ass de Kompetenzberäich vun der Ombudsman jo op Problemer vu Bierger mat ëffentleche Verwaltunge limitéiert. Et géif gutt Grënn ginn, en op all déi Secteuren auszedeenen, déi e Service public ubidden, souguer wann - wéi zum Beispill an Alters- a Fleegeheemer - privat Träger derhannert stiechen, esou d'Claudia Monti.

auto_stories

2 min

"Ech si mer bewosst, datt dat eng grouss Aufgab gëtt, an datt ech mech och deelweis e bësselche mam Kickes an d'Brennessele setzen. Well ech ka mer virstellen, datt net all Mënsch doriwwer frou ass. Mee ech sinn dann awer och en Alliéierte fir déi Leit, et ass jo net nëmme fir op d'Fangeren ze klappen. Et ass jo och fir ze ënnerstëtzen. An e Service public ass fir mech alles, wat am Déngscht vun der Allgemengheet ass."

De Confinement hätt nees eemol gewisen, wéi wichteg et wier och zum Beispill bei Strukture wéi Alters- a Fleegeheemer kënnen ze intervenéieren, esou d'Claudia Monti. Vill Leit hätte sech bei hir gemellt, well si sech mat eenzele Restriktioune schwéier gedoen oder si net verstanen hunn, mee si hätt dann net kënnen hëllefen. Dofir huet si hir Revendicatioun erneiert. Et wier elo de richtege Moment fir dat ze maachen, well jiddweree sech op eemol concernéiert spiert. "Esou denken ech, datt elo och d'Sensibilitéit op deenen néidege Plazen ass, fir déi Decisiounen ze huelen, an och ze ënnerstëtzen."

Impakt Corona-Ad-Hoc-Grupp "bescheiden"

Den Impakt vum Ad-Hoc-Grupp, deen d'Regierung sech ginn huet fir sech bei der Decisioun vun Anti-Covid-Mesurë beroden ze loossen, wier éischter bescheiden. Dat sot de President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno eis virun e puer Wochen. Hien hätt net den Androck, datt dee Gremium en "boulversanten Afloss" hätt. Zu de Membere vun deem Grupp gehéiert, nieft Leit wéi Nora Back oder Luc Frieden, och d'Mediatrice Claudia Monti. Och si ass e bëssen enttäuscht.

"Also ech muss soen, ech war immens frou, wéi dee Grupp gegrënnt gouf, an ech hu fonnt, et wier en immens flotte Melange u Leit. Ech mengen och, et hätt ee vill kënnen draus maachen, an ech hoffen och nach ëmmer, datt een eppes draus mécht. Ech si wierklech e bëssen traureg, datt mer eis eréischt dräi Mol gesinn hunn. Mir hunn eis elo, wéi déi lescht Evenementer waren, net méi gesinn. Mir konnten och ëmmer eis Meenung soen, mee et stëmmt, du hues elo net d'Impressioun, datt vill domat gemaach gëtt."

Si hofft, datt de Grupp méi produktiv ka ginn, esou d'Claudia Monti, et wier schued, wann e Grupp mat esou vill verschiddenen Horizonter sech net méi géif abréngen. Hir Leit hätten déi verschidde Covid-Gesetzer auserneegeholl, mee d'Ombudsman dierf net einfach esou e Gesetz kommentéieren, si misst schonn dofir gefrot ginn, esou d'Claudia Monti. Dat wier leider net geschitt, a si géif elo hoffen, datt de Grupp sech nach e puermol wäert gesinn.