Radioen

On air

De Moien  |  Alabama Shakes - Don't Wanna Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OneCoin-Bedruch: Lëtzebuerg méi concernéiert wéi bis elo bekannt

100,7-Recherchen

OneCoin-Bedruch: Lëtzebuerg méi concernéiert wéi bis elo bekannt

D'Affär OneCoin ass eng grouss international Finanzfraude ronderëm eng virgegaukelt Kryptowärung. Recherchë vum radio 100,7 weisen, datt et méi Lienen op Lëtzebuerg gi, wéi bis elo bekannt.

auto_stories

7 min

  • Nieft dem fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider, deen am Frankräich op Demande vun den USA festgeholl gouf, kënnt an de Geriichtsënnerlagen och e Lëtzebuerger Steierexpert vir, dee reprochéiert kritt, beim Wäisswäsche vu Sue gehollef ze hunn.
  • Mam Pitt Arens soll e Lëtzebuerger Banquier wärend 11 Méint fir 62.500 Euro de Mount e Kontrakt als CEO vu OneCoin gehat hunn.
  • D'Firma huet iwwert Lëtzebuerger Gesellschafte méiglecherweis och Sue vun Investisseure verschwanne gelooss.
  • Och Lëtzebuerger Investisseure koumen zu Schued.

Eleng am éischte Semester 2016 hu 65 Persounen zu Lëtzebuerg 165.000 Euro a OneCoin investéiert am Glawe fir mat deem Investissement eng Kéier räich ze ginn. Dat weisen intern OneCoin Dokumenter, déi d'BBC geleakt krut an an déi de radio 100,7 Abléck hat.

Am Ganze si weltwäit an de Joren 2015 bis 2020 jee no Source op d'Mannst tëscht 3 a 15 Milliarden Euro a OneCoin investéiert ginn. Suen, déi gréisstendeels verschwonne sinn. Millioune Leit hunn op alle Kontinenter hir Suen ni méi erëmgesinn. OneCoin vun der Grënnerin Ruja Ignatova, déi zënter Oktober 2017 verschwonnen ass, huet de Leit versprach eng Kryptowärung ze sinn, déi méi grouss wéi Bitcoin géif ginn. A Wierklechkeet war et awer e Pyramidesystem, mat deem déi presüméiert Täter un der Spëtzt Milliarden Euro op Käschte vun haaptsächlech aarme Leit gemaach hunn.

Frank Schneider soll Justiz behënnert hunn

De fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider a seng Firma Sandstone kréien an Ënnerlage vun der US-Justiz op e puer Punkte reprochéiert, d'Justiz behënnert ze hunn. An der amerikanescher Instruktioun géint den Affekot Marc Scott kritt de Frank Schneider virgeheit, d'Ruja Ignatova kuerz virun hirem Verschwanne gewarnt ze hunn, datt den FBI hir op der Spuer wier. Opgefall wier dat, well d'Ruja Ignatova hire Lover, de Geldwäscher Gilbert Armenta, vum Frank Schneider iwwerwaache gelooss hätt, well si hirem Amant net gegleeft hätt, datt e seng Fra a seng Kanner wéilt fir d'OneCoin-Grënnerin verloossen. Mataarbechter vu Sandstone hätten en Appartement a Florida ënnert deem vum Gilbert Armenta gelount an e Lach an de Plaffong gebuert fir d'Wunneng driwwer ze iwwerwaachen. Dobäi wier opgefall, datt den Gilbert Armenta géif mam FBI kooperéieren.

An de Geriichtsënnerlagen ass och e Mail vum Frank Schneider un de Konstantin Ignatov, an deem de Frank Schneider behaapt ze wëssen, datt d'US-Autoritéiten eng ganz Parti Informatiounen iwwer OneCoin hunn. An datt hien an d'Ruja Ignatova zur Konklusioun komm wieren, datt den Affekot Marc Scott méiglecherweis en Informant vum FBI wier:

"There is a potential problem with Mark that you need to know. When we saw the presentations that the US authorities gave to an international working group called Operation Satellite in January 2017, they identified targets and target entities. The US new about Fenero (Gesellschaft vum Marc Scott, ndlr), the transfers to Ireland and presumably also the transfers to Dubai. The presentations mentioned GA (Gilbert Armenta, ndlr), SG (Sebastian Greenwood, ndlr), R (Ruja Ignatova, ndlr), various structures and companies, Singapore accounts, etc. But there was no mention of MS (Marc Scott, ndlr), none. There was a mention that the US had a highly placed informant. R and I concluded that this may well be MS. So we need to be careful."

De Brudder vun der Ruja Ignatova, deen an den USA festgeholl gouf an op schëlleg plädéiert, seet weider aus, de Frank Schneider wier ee vun de "money launderers" vu OneCoin gewiescht, deen also beim Wäisswäsche vu Sue gehollef hätt. D'US-Autoritéiten hunn SMSen, Emailen an Zeienaussoe géint de Frank Schneider virleien.

De Frank Schneider hätt der Ruja Ignatova och gerode sech e falsche Pass ze beschafen, gëtt de Konstantin Ignatov an de Geriichtsënnerlagen zitéiert:

"Yes, to me it sounded pretty strange she needed one, and I asked her why she bought one, and she said that everybody around her has one, for example, Gilbert Armenta and Sebastian Greenwood, and she said Frank Schneider told her it might be useful to have one."

Der Firma Sandstone ass et nom Srel-Skandal finanziell net gutt gaangen. 2016, ee Joer ier d'Ruja Ignatova verschwonnen ass, huet d'Lëtzebuerger Gesellschaft allerdéngs e Rekord-Ëmsaz gemaach. Enn 2017 huet de Frank Schneider getweet, Sandstone hätt de Kredit vun der staatlecher SNCI ofbezuelt a géif an nei Büroe plënneren.

Gëtt de Frank Schneider ausgeliwwert?

Ob de Frank Schneider un d'US-Autoritéiten ausgeliwwert gëtt no senger Festnam den 29. Abrëll 2021 a Frankräich, ass Géigestand dësen Donneschdeg, den 18. November vun enger weiderer Seance um Geriicht zu Nanzeg. E puer Lëtzebuerger an auslännesch Affekote maachen d'Defense vum Frank Schneider, dorënner de Pol Urbany an d'Lydie Lorang. Si probéieren eng Ausliwwerung mat alle Mëttel ze verhënneren, well de Frank Schneider an den USA 40 Joer Prisong riskéiert, wärend en zu Lëtzebuerg fir déi selwecht Affär just dräi bis fënnef Joer riskéiere géif, esou d'Defense.

De Parquet huet eis op Nofro matgedeelt, et géif ee keng Ausliwwerung op Lëtzebuerg ufroen. Et wier eng Instruktioun vun den USA, an et géif een d'Opportunitéit net gesi fir eng weider Instruktioun hei am Land unzehänken, esou de Justizspriecher Henri Eippers.

D'Defense fäert och, datt de Frank Schneider an den USA ënner Drock gesat gëtt fir en dozou ze beweegen op schëlleg ze plädéieren.

Géif dat geschéien, wier de Frank Schneider net den Eenzegen hei am Land, deen an de Viséier vum amerikanesche Parquet géif geroden.

"Local firm in Luxembourg"

An de Geriichtsënnerlagen ass elo scho kloer, datt de Steierexpert Karl H. mat der Ruja Ignatova an dem inculpéierten Affekot Marc Scott a Kontakt war, fir Gesellschaften ze grënnen. De Frank Schneider an de Karl H. kenne sech: Béid waren an den 90er Joren an e puer Gesellschaften zesummen aktiv, zum Beispill Ressource Tax S.A., wou si allebéid Administrateure waren.

De 26. Oktober 2016 schreift d'Ruja Ignatova dem Karl H. an dem Affekot Marc Scott:

"Dear Karl, Dear Mark, please be introduced to each other. I have discussed with Karl our structure and the issues we have to find a trust to take over. I would like us to meet ASAP after the 7/11 in Sofia to see how we move going forward. Best, R."

An engem anere Mail hat d'Ruja Ignatova dem Marc Scott schonn de 27. Juni 2016 geschriwwen, datt si wéilt eng Lëtzebuerger Firma benotze fir Sue via Lëtzebuerg ze investéieren:

"Hi, Mark. Please be introduced to Anatoly who is the one in charge of our hedge funds (set up etcetera). Ivan is one of the traders in the funds. Anatoly and I have discussed how we want to do the setup etcetera and we want to employ a local law firm in Lux. Please both of you connect. He will brief you on our structure and deal - so you can move. Best, R."

"Golden Russian boys"

De Marc Scott freet an der Äntwert mat engem Smiley, wéini si w.e.g. géif ufänke Leit mat westlechen Nimm anzestellen. Et wieren hier gëlle russesch Bouwen, äntwert d'Ruja Ignatova: "These are my golden Russian boys. You will love them. Make their shit work please."

Méiglecherweis sinn och Suen iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz transitéiert. Mëtt 2017 huet de Régulateur CSSF zu Lëtzebuerg eng Warnung iwwer OneCoin formuléiert huet.

Lëtzebuerger CEO fir 750.000 Euro am Joer

Déi Zäit war och e Lëtzebuerger CEO vu OneCoin. De Banquier Pierre "Pitt" Arens, fréier bei der Invik, der ING an der Dexia, ass vu Mee 2017 un als Generaldirekter vum presuméierte Pyramidesystem ëffentlech opgetrueden. Dem Internetsite Behindmlm no, hat de Pitt Arens scho vun Dezember 2016 un e Kontrakt bei OneCoin. Seng Suen hätt e vu Sandstone iwwerwise kritt. 62.500 Euro am Mount, 750.000 Euro am Joer. Hie sot am Mee 2017 op Paperjam.lu, hien hätt den Dossier véier Méint laang am Detail studéiert: "Je suis un père de famille responsable. Je n'aurais jamais pris le risque de m'associer à une telle organisation illégale frauduleuse". Am Oktober 2017, de selwechte Mount wéi d'Ruja Ignatova verschwonnen ass, war et och fir de Pitt Arens eriwwer. Säin Affekot François Prum sot 2019 an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land, de Pitt Arens hätt gekënnegt: " de sa propre initiative ", car il sentait des résistances dès qu'il mettait un peu plus son nez dans les affaires".

A verschiddene Länner lafen nach ëmmer Enquête wéinst der presuméierter weltwäiter Fraude. An den USA si bis elo sechs Persounen inculpéiert, zu München mussen den Ament dräi Persoune sech viru Geriicht veräntwerten. De Risiko, datt dobäi weider Informatioune mat Lëtzebuerger Bezuch op d'Tapéit kommen, ass grouss. Dausenden Affer vum Pyramidesystem waarden drop, datt déi Responsabel condamnéiert ginn an datt se op d'Mannst en Deel vun hire Suen zréckkréien. Soulaang et keng Urteeler gi, gëllt fir all déi Beschëllegt d'Présomption d'innocence.