Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onkloerheete bei de Critèrë fir Online-Pressehëllef

Medien

Onkloerheete bei de Critèrë fir Online-Pressehëllef

Zënter dësem Joer ass déi nei Online-Pressehëllef a Kraaft. Et krut awer nach kee Medium se accordéiert. 100,7-Informatiounen no ginn et Schwieregkeete bei der Interpretatioun vun de Critèren. Den Ament gi fënnef Demandë vun enger consultativer Kommissioun traitéiert.

auto_stories

2 min

D'Critèren, déi ee muss erfëlle fir Online-Pressehëllef ze kréien, wieren net präzis genuch formuléiert, heescht et vu Sourcen, déi no um Dossier sinn. Doduerch géif et e groussen Interpretatiounsspillraum bei der Decisioun ginn, wéi eng Medie sollen ënnerstëtzt ginn, a wéi eng net.

Am Reglement iwwer déi nei Pressehëllef heescht et zum Beispill, e Site misst "orginale Contenu" publizéieren, fir d'Hëllef ze kréien. Et ass awer onkloer, ob och Artikelen dorënner falen, déi schonn an enger ähnlecher Versioun an enger Zeitung publizéiert goufen, oder ob et guer keng Iwwerschneidungen däerf ginn. Aus dem Ministère heescht et just, datt de Contenu "kee Copy-Paste vun aneren Artikelen" dierft sinn.

Onkloer ass och, ob audiovisuell Medien, wéi Tëlee a Radio, vun der neier Subventioun kënne profitéieren.

Critèrë vu Komissioun ausgeschafft

D'Online-Pressehëllef gouf am Januar an engem Reglement vun der Regierung decidéiert. Si gesäit eng forfaitair Ënnerstëtzung vun 100.000 Euro fir eng Online Publikatioun vir. Am Staatsbudget 2017 si 450.000 Euro fir d'Online-Presshëllef virgesinn, zousätzlech zu den iwwer siwe Milliounen Euro, mat deenen de Print ënnerstëtzt gëtt.

Momentan leie fënnef Demandë vir. Déi gi vun enger consultativer Kommissioun analyséiert. Dës Kommissioun ass aus Vertrieder vun der Press, der Uni a vum Ministère zesummegesat. Si soll zu all Demande en Avis ausschaffen. Duerno soll de Medieminister Xavier Bettel decidéieren, wéi eng Medien déi nei Subventioun ausbezuelt kréien. Well d'Bestëmmungen am Reglement net präzis genuch sinn huet d'Kommissioun, Informatioune vum radio 100,7 no, selwer Critèren ausgeschafft, no deenen d'Demandë solle bewäert ginn.

Am Moment ass nach net gewosst, ob de Ministère den Text nach weider wëll preziséieren oder net. D'Bestëmmunge vum Reglement kéinte schlussendlech viru Geriicht getest ginn. Am Fall wou e Medium d'Hëllef refuséiert kritt a viru Geriicht geet, stellt sech eng weider Fro: Bezitt de Riichter sech eleng op d'Decisioun vum Medieminister Xavier Bettel, oder gëtt den Avis vun der consultativer Kommissioun och consideréiert?