Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - 7th Year

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onkloerheeten am Konzept fir Online-Pressehëllef

Medien

Onkloerheeten am Konzept fir Online-Pressehëllef

Online-Medien zu Lëtzebuerg kënne vun dësem Joer un eng staatlech Ënnerstëtzung vun 100.000 Euro am Joer kréien. Dofir mussen eng Rei vu Conditiounen erfëllt ginn. Déi nei Online-Prëssehëllef gëtt zwar allgemeng vun de Vertrieder vun der geschriwwener Presse begréisst. D'Bedéngunge wieren allerdéngs duerchwuess. A si géifen den Ausbau vum online-Volet vun der gedréckter Press net encouragéieren, esou d'Kritik.

auto_stories

5 min

Eng Parti Dages- a Wochenzeitungen hu scho viru Joren ugefaangen, Artikelen um Internet ze publizéieren. D'Entwécklung a Richtung Online-Journalismus ass also net nei. Nei ass awer, datt d'Online-Presse zu Lëtzebuerg duerch eng Decisioun vun der Regierung duerch staatlech Subventiounen ënnerstëtzt gëtt.

Interessi un Online-Hëllef

Dem Chefredakter an Direkter vun der Dageszeitung Lëtzebuerger Journal, Claude Karger no, wier dës Initiativ vun der Regierung en zousätzlechen Incitatif fir méi Qualitéit a fir nei Offeren. De Lëtzebuerger Journal wier am gaangen ze kucken, wéi d'Zeitung eng méi grouss Online-Präsenz op d'Bee kéint stellen.

Publikatiounen um Internet wieren ee besonnescht wichtegt Instrument fir eng Zeitung, déi just eemol d'Woch erauskënnt, mengt de Richard Graf, Journalist bei der Wochenzeitung woxx. "Déi Zäiten dertëschent kann een iwwer eng gescheit Online-Zeitung bëssen anescht gestalten." D'woxx hätt schonn zënter enger Zäit eng Online-Offer. D'Zeitung wier awer am gaange Pläng auszeschaffen, fir eng Subventiouns-Demande kënnen eranzereechen, esou de Richard Graf.

De Romain Hilgert, Gerant a Chefredakter vun der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land, gesäit d'Entwécklung a Richtung Online-Journalismus éischter kritesch. D'Lëtzebuerger Land hätt deemno och net wëlles, fir op d'Schinn vum Online-Journalismus ëmzeklammen. "Mir sinn net interesséiert, fir eis elo an een Online-Abenteuer ze stierzen, wou ech net gesinn, wéi een domadder Sue verdéngt an an där Konkurrenz géint aner Medien iwwerliewe kann."

Déi nei staatlech Subventioun fir Online-Publikatiounen ass un eng Partie Bedéngunge gekoppelt:

  • Ee Presseorgan muss déi editorial Responsabilitéit fir d'Artikelen um Internet iwwerhuelen
  • Zwee Journaliste musse vollzäit beschäftegt ginn
  • D'Publikatiounen um Internet mussen national an international Noriichte aus de Beräicher Politik, Ekonomie, Gesellschaft a Kultur couvréieren
  • D'Online-Artikele musse sech "inhaltlech däitlech" vun deene vun der gedréckter Press ënnerscheeden

Wéi eng inhaltlech Ënnerscheeder?

Dem Claude Karger no misst den Ënnerscheed zwëschent Online a Print an der Praxis méi konkret ausgeschafft ginn. "Geet et duer, fir eng Informatioun anescht opzebereeden op engem Internetsite, oder däerfen et guer keng Informatioune sinn, déi och an der geschriwwener Press stinn?"

Dem Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land no wieren Iwwerschneidunge vun Online- a Print-Inhalter duerch dëst Regierungs-Reglement net méiglech. Hie kritiséiert, datt déi nei Pressehëllef fir Online-Medien eng "artifiziell Trennung" tëscht der gedréckter an der Online-Press géif maachen. Dat géif géint d'Entwécklung lafen. Och well een Deel vun der gedréckter Press hir Rettung an enger Transitioun vum Pabeier zum Online géif gesinn. Zu Onrecht, fënnt de Romain Hilgert.

De woxx-Journalist Richard Graf schwätzt vun engem "duerchwuessene" Konzept. Och hien ass awer der Meenung, datt d'Reglement esou ausgeluecht wier, datt Online-Artikele sech vun der gedréckter Versioun missten ënnerscheeden. Mä fir d'woxx wier online komplementar zum Print.

Keng Light-Versioun vum Presserecht

D'Regele fir déi nei Online-Pressehëllef gesi vir, datt den Inhalt vun de Publikatiounen um Internet zwee Mol am Dag musse geännert ginn. Och un dësem Critère steiert de Richard Graf vun der woxx sech. A sengen Ae wier och dës Moossnam net ausgeluecht fir d'Online-Präsenz vun engem Print-Medium ze fërderen. D'Iddi, datt een zu existentem Contenu Aktualitéit géif dobäisetzen, wier am Projet erëmzefannen. "Dat heescht, et mécht een am Fong zweemol am Dag seng Fassad nei. An dat ass net den Zweck vun der Übung." D'Kombinatioun vum Print mat méi spontan wiesselnden Online wier net virgesinn.

Fir vun der neier staatlecher Ënnerstëtzung fir Online-Publikatiounen ze profitéieren, misst d'Presserecht assuréiert ginn, steet am Reglement. An anere Wieder: d''Online-Medium muss géint illicit Kommentare virgoen an de Lieser muss, grad wéi bei der gedréckter Press, een "Droit de réponse" hunn. De Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land begréisst dëse Critère. Et dierft keng Light-Versioun vum Presserecht geschaaft ginn, wou d'Leit kéinte méi duerch den Dreck gezu ginn.

Investitiounen e "Risikospill"

Nieft den inhaltlechen Oplagen an der Garantie vum Presserecht spillen awer och d'Käschte fir Internet-Publikatiounen eng Roll: ee Presseorgan muss op d'mannst 200.000 Euro pro Joer an d'Online-Publikatiounen investéieren, fir e Recht op déi staatlech Ënnerstëtzung vun 100.000 Euro d'Joer ze hunn.

Dat wier ee "Risikospill", kritiséiert de woxx-Journalist Richard Graf. Eng Demande kéint op dës Manéier net am Viraus ugeholl oder refuséiert ginn. "Ech weess jo nach guer net, wéi den Exercice um Enn vum Joer ausgesäit." D'Konzept wier net ganz kloer an et wier net glécklech am Text formuléiert.

Déi staatlech Subventioun vun 100.000 Euro pro Joer a Medium géif donieft keng grouss Spréng erlaben, mengt de Mike Koedinger vu Maison Moderne. Dëst Verlagshaus ass den Editeur vun ënner anerem dem Print-Magazin an Internetsite Paperjam. "Beim Paperjam hu mir méi Aarbecht mat der digitaler Redaktioun, wéi mat der Print-Redaktioun." An der Paperjam-Redaktioun géifen zéng Leit schaffen. An et wier méi Aarbecht, zwee mol den Dag e Quotidien ze maachen, wéi eemol am Mount e Mensuel. "Mir mengen, datt et nëmme richteg wier, wann digital Medien, déi eng gréisser Redaktioun hunn, op d'mannst sou vill kréien, wéi déi kleng Dages- oder Wochenzeitungen."

Objektiv Critèren oder politesch Decisiounen?

Eng Kommissioun, déi dem Premier- a Medieminister Xavier Bëttel ënnersteet, decidéiert, ob en Demandeur finanziell Ënnerstëtzung vum Staat fir seng Online-Publikatioun kritt. An dësem Gremium solle Vertrieder vu verschiddene staatlechen Institutioune sinn, grad wéi ee Journalist an een Editeur. Et wier awer problematesch, wann dës Kommissioun eng Decisioun op Grond vu Critèrë géif huelen, déi net konkret wieren, mengt de woxx-Journalist Richard Graf. "Da gëtt herno gesot, et ass jo nëmmen een Avis, da soll de Minister tranchéieren." Dee Moment géif eng politesch Decisioun geholl ginn iwwer eppes, wat ee mat objektive Critèren hätt wéilten ausweisen.

Déi nei staatlech Subventioun fir d'Online-Press soll eng Iwwergangs-Moossnam sinn, éier d'Pressehëllef am grousse Ganze reforméiert géif ginn, heescht et am Text vum Reglement. Datt dës Reform nach an dëser Legislaturperiod géif passéieren, wier éischter onwahrscheinlech, mengt de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land.