Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Aurora

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onklorheeten nom Enn vun der Regierungskris an Éisträich

Europa

Onklorheeten nom Enn vun der Regierungskris an Éisträich

"D'Regierungskris ass eriwwer." Mat dëse Wierder huet den éisträichesche Bundespräsident Alexander Van der Bellen de Sonndeg annoncéiert, datt hien haut mam Alexander Schallenberg een neie Bundeskanzler vereedege wäert. E Samschde war de Sebastian Kurz als Kanzler zeréckgetrueden. Dat e puer Deeg nodeems bekannt gouf, datt géint hien a Leit a sengem Ëmfeld wéinst Korruptioun a Verontreiung ermëttelt gëtt. Trotzdeem bleiwen awer nach vill oppe Froen, wat déi politesch Zukunft an Éisträich ugeet.

auto_stories

2 min

De Sebastian Kurz huet selwer net vu Récktrëtt, mee vu "Plaz maachen" geschwat. Aus der Politik zitt hie sech nämlech net zeréck, mee hie wiesselt als Fraktiounschef vu senger konservativer ÖVP an d'Parlament an hie bleift och Parteichef. Fir d'Oppositioun zu Wien ass kloer:

"Sebastian Kurz ist jetzt Schattenkanzler und zieht im Hintergrund als Klubobmann und als Parteiobmann die Fäden."

Esou déi sozial-demokratesch Parteicheffin Pamela Rendi-Wagner.

Déi gréng Regierungspartei hat de Réckzuch vum Sebastian Kurz als Kanzler gefuerdert. Dat nodeems bekannt gouf, datt d'Justiz géingt hien ermëttelt an engem Fall wou et ëm Korruptioun a Verontréiung geet.

De Sebastian Kurz selwer huet ugekënnegt, d'Virwërf géint sech wëllen ze entkräften. Wéi et méi laangfristeg fir hie weidergeet, dozou sot hie näischt. Eng Ministerin déi dem Kurz nosteet, huet kuerz drop awer deklaréiert, dat hie rëm géif Kanzler ginn, soubal d'Ermëttlungen eriwwer sinn.

Retour vum Kurz net auszeschléissen

Deem widdersprécht de Sonndeg d'Fraktiounscheffin vum grénge Koaltitiounspartner, Sigrid Maurer. Si huet e Retour vum Sebasktan Kurz an d'Regierung ausgeschloss.

Ob sech déi Fro jee stelle wäert, hänkt um Enn vum Parquet sengen Ermëttlungen of a vun der Fro, op et zu enger Uklo géingt de Sebastian Kurz kënnt.

Mam Alexander Schallenberg kënnt elo en enke Vertraute vum Kurz un d'Regierungsspëtzt. De Karriärsdiplomat aus adeleger Famill war fir d'éischt Ausseminister an der Iwwergangsregierung, déi agesat gouf, wéi déi éischt Regierung vum Sebastian Kurz nom sougenannten Ibiza-Skandal gestierzt war. Als eenzege Member vun där Iwwergangsregierung gouf den Schallenberg no de Neiwalen an déi konservativ-gréng Regierung iwwerholl.