Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Online-Plattform fir Teleconsultatiounen ass operationell

Corona-Pandemie

Online-Plattform fir Teleconsultatiounen ass operationell

Zanter Donneschdeg ass eng nei Online-Plattform operationell, déi Teleconsultatiounen tëschent Patient an Dokter erméiglecht. Am Kader vun der Coronavirus-Pandemie soll dës elo garantéieren, datt weder de Patient nach den Dokter sech fir eng medezinesch Consultatioun deplacéiere muss. Dat sot de Christian Oberlé, President vun der CNS an der Agence eSanté, gëschter Mëtteg virun der Press.

auto_stories

2 min

Op Ufro vun der Regierung hätt d'Agence eSanté eng zentraliséiert a securiséiert Online-Plattform erstallt, déi Teleconsultatiounen tëschent Dokter a Patient erméiglecht, sou de Chistian Oberlé, President vun der zoustänneger Agence. Op der Plattform hätt de Patient d'Méiglechkeet fir iwwer Videokonferenz den Dokter ze gesinn. "Et ass fir eis ganz wichteg, datt d'Patienten op déi Plattform zeréckgräifen, datt si e securiséierte Kader hu fir déi Teleconsultatiounen", sou de Christian Oberlé.

Am Fall vun enger Erkrankung sollte Patienten elo an éischter Linn d'Teleconsulatioun notzen a sech net direkt bei en Dokter deplacéieren. Wann néideg orientéiert den Dokter de Patient dann an ee vun de Centre de Soins avancés oder an eng Klinik. Duerch déi nei Plattform kéinten Doktere souguer Consultatioune maachen, och wa si selwer a Quarantän wieren.

Alles online: Rechnungen, Krankeschäiner, a Verschreiwunge fir Medikamenter

Dem President vun der Krankekeess no wiere fir Dokteren, Zänndokteren an och Hiewanen Tariffer ausgeschafft ginn. Fir Teleconsultatioune wier den Tarif deselwechte wéi fir eng normal Consultatioun.

Iwwer d'Plattform kéinten dann och Rechnungen, Krankeschäiner a Verschreiwunge fir Medikamenter oder en Test am Laboratoire, online verschéckt ginn.

"Um Enn vun der Consultatioun stëllt den Dokter dann eng Prescriptioun fir Medikamenter aus, déi Prescriptioun gëtt automatesch un déi Apdikt verschéckt, déi de Patient him ugëtt, also iwwer Email - wa méiglech gëtt net méi mat Pabeier geschafft. D'Prescriptioun kritt de Patient och Heem geschéckt, a wann de Patient dann an déi Apdikt ka goen, ass dat fir hien dann och méi einfach, well d'Prescriptioun dann do scho läit."

Consultatiounen iwwer Telefon sinn och méiglech

Sollt e Patient keen Accès op den Internet hunn oder mat der Plattform net eens ginn, da kéint eng Consultatioun och weiderhin iwwer Telefon gemaach ginn. Nieft Doctena an Dokter+ wier dës elo déi drëtt Online-Plattform, déi hei am Land Teleconsultatiounen tëschent Patient an Dokter erméiglecht.

Dem Christian Oberlé no, wier een elo an enger éischter Testphase. "Mir hu ganz sécher nach net Zäit gehat fir doranner alles mat anzebaue wat ee brauch fir an normalen Zäiten Teleconsultatioun ze maachen, mee dass en Ufank."

Ënner dem Link econsult.esante.lu kënne Patienten an Dokteren sech elo gratis op der neier Plattform umellen.