Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onnéidegt Opstëppelen dréit zu Spannunge bäi

Nom Virfall vun Ettelbréck

Onnéidegt Opstëppelen dréit zu Spannunge bäi

Zanter e puer Deeg leeft eng Enquête vun der Justiz a vun der IGP fir ze klären, wat de Samschdeg zu Ettelbréck geschitt ass. E Polizist hat e presuméierten Täter ugeschoss, dee spéider am Spidol u senge Blessure gestuerwen ass. Déi Enquête wäert Zäit an Usprooch huelen. Mee an der Ëffentlechkeet ginn et der leider scho genuch, déi näischt vum Rechtsstaat halen, kritiséiert de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Maach der fir d'éischt e Bild vun der Situatioun, an um Enn kanns du der nach ëmmer an aller Rou eng Meenung maachen. Dat ass ee vun de méi wichtege Prinzippien, déi ech am Beruff an doriwwer eraus geléiert hunn.

Leider geet d'Entwécklung an eng aner Richtung: duerch déi sozial Reseauen ënnerstëtzt, gëtt et ëmmer méi einfach zu all Neiegkeet direkt eng Meenung ze äusseren an ze kucken, wéi vill Likes een dofir kritt. Net seele kënnt et vir, datt déi Meenung sech just op den Titel vun der Noriicht oder op d'Intro bezitt, an et duergaange wier, de ganzen Artikel ze liese fir besser ze verstoen.

D'Prinzippie vun der Demokratie a vum Rechtsstaat

Richteg schlëmm gëtt dat, wann et ëm eescht Saache geet wéi ëm eng Persoun, déi duerch e Schoss vun engem Polizist gestuerwen ass. Ouni derbäi gewiescht ze sinn, ouni genee ze wëssen, wat geschitt ass, ouni d'Resultater vun der Enquête vun IGP a Justiz virleien ze hunn, ginn et Leit, déi ëffentlech direkt higinn an tranchéieren.

Et ass aberrant ze gesinn, wéi wéineg elementar Prinzippie vun enger Demokratie a vum Rechtsstaat an esou Situatioune fest an de Käpp verankert sinn. Eigentlech sinn d'Ofschafe vun der Doudesstrof, vun ëffentlechen Hiriichtungen, oder dem Verbuet vu Milizen, déi sech a Selbstjustiz üben, bis elo als Fortschrëtt gefeiert ginn um Wee aus dem Mëttelalter hin an eng méi modern Gesellschaft.

Opstëppele kann zu Spannunge féieren

Dofir mussen och Politiker a Gewerkschaftler sech froen, ob si net besser hätten d'Justiz elo mol schaffen ze loossen am Plaz op Facebook grouss Solidaritéit mat der Police ze bekennen.

Natierlech bekennt en Deputéierten aus der Chamber sech per se zu den Autoritéiten an zum Rechtsstaat. Mee déi, déi elo higinn, an ëffentlech menge si misste pauschal Solidaritéitsbekundunge maachen, am Plaz ofzewaarden, wat d'Enquête un d'Dagesliicht bréngt, droen dozou bäi, datt de Prozess elo schonn ouni iergendwellech Basis an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt a si ergräife Partei.

Dëst onnéidegt Opstëppelen dréit zu Spannungen an der Gesellschaft bäi.