100komma7.lu
/ Onofhängeg Kandidaten am britesche Wahlkampf
Wahlkampf a Groussbritannien
Onofhängeg Kandidaten am britesche Wahlkampf
De Sträit iwwert de Brexit huet déi konservativ Fraktioun am britesche Parlament uerg getraff. 21 Deputéiert goufen am September aus der Partei vum Premier Boris Johnson ausgeschloss. Si waren nämlech dogéint, datt Groussbritannien ouni een Ofkommes aus der EU sollt austrieden. Dräi fréier Toryen triede bei de Parlamentswale vum 12. Dezember trotzdeem nees un. An zwar als onofhängeg Kandidaten. Zwee vun hinnen, den Dominic Grieve an d'Anne Milton, huet d'Elodie Goulesque un engem Wahlkampfdag begleet.