Nach hätt ee keng definitiv Zuele fir d'Méint Juli bis September, mee dee Phänomen vun enger staarker Reprise géif een allgemeng an der Eurozone erwaarden, esou den Economist.
Bis ewell wier Lëtzebuerg relativ gutt duerch d'Kris komm, notamment wann een de Chômage kuckt, deen am September bei 6,3 Prozent louch - also ee knappe Prozentpunkt iwwert dem Niveau virun der Kris. Iwwerdeems léich d'Zuel vun den Aarbechtsplazen elo nees um nämmlechten Niveau ewéi virun der Kris.
Economesche Schued duerch Lockdown
Et wier awer onkloer, ob a wéi staark d'Wirtschaftsleeschtung wéinst dem weidere Verlaf vun der Corona-Pandemie nach emol kéint abriechen. Dofir géif de Statec fir seng Previsioune mat verschiddenen Zeenarioe schaffen.
Och ouni neie Lockdown hätten héich Infektiounszuelen een economeschen Impakt, zum Beispill well vill Leit a Quarantaine sinn, esou den Tom Haas: "Well d'Demande allgemeng méi niddreg wier, géif deen Impakt awer net "sou staark spillen":
"Wat mir am éischten an am zweeten Trimester observéiert hunn, dat war den direkten Impakt vum Confinement, deen de wirtschaftleche Schued gemaach huet."
Fir genau den Ënnerscheed tëscht dem Impakt vum Lockdown respektiv héijen Infektiounszuelen ouni Lockdown ze maachen, wier zu dësem Zäitpunkt nach schwéier.
CO2-Steier: Éischt Impaktaschätzung
D'CO2-Steier wäert d'Stéit mat geréngem Akommes an der Moyenne 150 Euro d'Joer kaschten, fir d'Stéit mat héijen Akommes kéinten et ëm déi 200 Joer sinn. Dat geet aus éischten Estimatioune vum Statec ervir. Déi nei Steier gëtt vun nächstem Joer un, um Sprit, Gas a Mazout erhuewen.
Déi geplangte Kompensatiounsmesuren géifen dee Käschtepunkt jee no Akommes-Kategorie méi oder manner staark ausgläichen, seet den Tom Haas. Dat well d'Hausse vum Steierkredit a vun der Allocation de Vie Chère méi staark de Stéit mat méi niddregem Akommes ze gutt kommen.
Am éischten Akommes-Quintil (also bis zu 2.500 de Mount) géifen d'Kompensatiounen déi duerchschnëttlech Méikäschten decken. Déi aner Akommeskategorien hätten also ënnert dem Stréch, mat Méikäschten ze rechnen, déi an der Moyenne eng 100 Euro kéinten erreechen.