Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onsécherheet fir britesch Affekoten

Brexit

Onsécherheet fir britesch Affekoten

Britesch Affekoten, déi fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz schaffen, si wéinst dem Brexit veronséchert. Dat geet aus enger Etude vum Fuerschungsinstitut LISER a vu Masterstudente vun der Uni Lëtzebuerg ervir. Si musse vun de Lëtzebuerger Autoritéite besser encadréiert ginn, fuerdert d'Dr. Sabine Dörry vum LISER.

auto_stories

3 min

Bannent der EU gëtt et eng staark Konkurrenz tëscht den EU-Memberstaaten, fir nei wirtschaftlech Aktivitéiten unzezéien. Lëtzebuerg huet sech mat Succès op de Finanzsecteur spezialiséiert, erënnert d'Doktesch Sabine Dörry. D'Fuerscherin vum LISER, dem Institut fir sozioekonomesch Recherche, ënnersträicht, déi britesch Affekoten, déi fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz schaffen, wiere wichteg fir déi fiskal a juristesch Froen ze klären, déi am angelsächsege System oder am zivilrechtleche Recht opgeworf ginn.

D'Finanzwirtschaft am Grand-Duché operéiert virun allem an de "Common Law"-Länner, dat heescht den USA, Groussbritannien an de Commonwealth. Kontinentaleuropa dogéint benotzt déi zivilrechtlech Reglementéierung, déi op dem "Code Napoléon" baséiert. D'Lëtzebuerger Wirtschaft a besonnesch d'Finanzindustrie beschäftegt héichqualifizéiert Juristen, déi sech souwuel am angelsächsege Rechtssystem spezialiséiert hunn, wéi och am franséischen Droit. Aus deem Grond si britesch Affekote wichteg, fir dat Recht z'interpretéieren an déi grouss Entreprisë juristesch ze beroden.

Am Fall vun engem haarde Brexit géif de Prinzip vun der fräier Zirkulatioun fir déi britesch Affekoten a Fro gestallt ginn. D'Konsequenze fir déi Juriste misst een am A behalen, esou d'Sabine Dörry.

Méi Transparenz an Ënnerstëtzung

Aus enger qualitativer Etude vum LISER geet ervir, datt d'britesch Affekoten, déi fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz schaffen, wéinst dem Brexit veronséchert sinn. Fir d'Etüude gouf sech op Gespréicher mat fënnef britesch Juriste baséiert, déi an der Finanzindustrie aktiv sinn. Erauskoum, datt si dacks net wëssen, wéi si mat der Situatioun sollen ëmgoen. Véier vun deene fënnef befrotenen Affekote wéilten awer zu Lëtzebuerg wunne bleiwen.

Mam Brexit ginn dës Juriste mat héijen individuelle Käschte konfrontéiert. Méiglecherweis ginn zousätzlech Qualifikatioune gefuerdert oder d'Diplomer, déi viru Joren a Groussbritannien ofgeschloss goufen, missten zu Lëtzebuerg unerkannt ginn. Iwwerdeems stellt sech d'Fro vun de Sproochkompetenzen, déi d'Affekoten eventuell missten ausbauen. Déi britesch Affekote wënsche sech méi Transparenz an Ënnerstëtzung, fir mat där neier Situatioun kennen ëmzegoen.

Lëtzebuerger Autoritéite solle fréi reagéieren

Wéinst dem Lëtzebuerger Wirtschaftsprofil, mat enger Spezialiséierung an der Finanzindustrie, missten de Staat, de Barreau an aner Autoritéite séier handelen, seet d'Sabine Dörry. Dacks géif de Grand-Duché vun auslännesche Gesellschaften als Zougank zum EU-Bannemaart gesi ginn. Et wier wichteg, déi Scharnéierfunktioun vu Lëtzebuerg ze stäerken, betount d'Fuerscherin. D'Affekoten an aner héich qualifizéiert Beruffsgruppen, wéi Steierberoder, wieren an deem Sënn immens wichteg fir de Standuert.

Aus deem Grond missten d'Autoritéiten deene Persounen entgéintkommen an hinnen eng gewësse Sécherheet fir hir berufflech Zukunft garantéieren. Et géif och dorëms goen d'Käschten, mat deenen déi betraffe Persoune konfrontéiert ginn, wa méiglech erofzedrécken, esou nach d'Sabine Dörry.


Interview mat der Dr. Sabine Dörry: Dr. Sabine Dörry LISERplay_arrow