Gëtt déi sougenannt "obligation de vigilance" enges Daags hei zu Lëtzebuerg gesetzlech verankert? Dat ass d'Verflichtung fir Betriber ze garantéieren, datt déi Materialien, mat deene se produzéieren oder déi Produkter, déi se verkafen, zu kengem Moment vun hirem Entstoe mat Mënschen- an anere Rechter a Konflikt gerode sinn.
De Richard Graf vun der Action Solidarité Tiers Monde ass optimistesch. Et wier ee scho "wierklech wäit komm", och wann déi Betraffen näischt dovunner wësse wéilten, datt esou eng Obligatioun kéint kommen. "Dat kenne mer jo.", seet de Richard Grad. D'Diskussioune géife weidergoen, an de President vun der ASTM weist sech zouversiichtlech, datt et net nach 50 Joer géif daueren, bis datt et en neit Gesetz gëtt, mee éischter e puer Joer.
Zesumme mat de Leit op der Plaz
Projete vun der ASTM gi vum Ausseministère co-finanzéiert. De Richard Graf mengt awer net, datt et schwéier wier, onofhängeg ze sinn, mee dat wier einfach e Kader, deen definéiert géif ginn. D'Géigepartie dozou wier, datt ee seriö schafft, an datt ee sech enger Deontologie ënnerwerft, datt ee Saache géif iwwerpréiwen an an enger gemeinsamer Diskussioun géif Nofroe stellen.
D'Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) war ni eng reng karitativ ONG, si huet vun Ufank un d'Approche gehat, op Aenhéicht mat lokale Partner an den Entwécklungslänner zesummenzeschaffen. An deene Partner-Organisatiounen am Süde sinn zum Deel Leit aktiv, déi um Enn vum leschte Joerhonnert gehollef hunn, Diktaturen ze stierzen:
"Haut hu mer e Revirement an deem Sënn, datt déi Demokratiséierung, déi mer an den 90er Joren a vläicht am Ufank vun den 2000er Joren erlieft hunn - déi als positiv erlieft ginn ass an och den Organisatiounen do ënne vill méi Moyene ginn huet -, datt et elo op eemol Acteure gëtt, net nëmme staatlecher, ganz vill och parastaatlecher, also am Fong esou Interessegruppen, déi wëlle verhënneren, datt déi Emanzipéierungs-Beweegunge sech esou entwéckelen, wéi ee sech dat ka wënschen. Bis hin zur Konsequenz, datt duerchaus Responsabeler aus eise Partner-Organisatiounen net nëmme bedreet ginn, mee effektiv och ëmbruecht gi sinn."
50 Joer ASTM
De Richard Graf, Co-President vun der ONG war de Mueren Invité vum Dag: d'ASTM feiert dëst Joer hire 50. Gebuertsdag. De Richard Graf ass Mëtt der 70er Joren als Schüler bei d'ASTM komm. Säin deemolege Moralsproff, den Nic Klecker, fréiere President vun Amnesty International, hätt a sengem Cours erkläert, wat d'Zivilgesellschaft wier.
Hien hätt eng Rei Organisatioune virgestallt a wat hir Ziler wieren. Da wier dem Proff d'Iddi komm, datt et gutt wier, wann d'Schüler eng Organisatioun géife besichen. Esou wier de Richard Graf eng éischte Kéier mat der ASTM a Kontakt komm:
"Wie mech deemools guidéiert huet war ë. a. ee wéi de Gordian Troeller, dat war e Lëtzebuerger Cineast, dee ganz vill op der däitscher Tëlee Documentairen iwwer d'Situatioun an de sougenannte Länner vun der Drëtter Welt gemaach huet, déi ganz beandrockend fir mech waren an och fir aner Leit. An dat huet mech motivéiert mech do ze mellen, en éischte Kontakt ze kréien an a Reuniounen ze goen. An am Ufank, wann een an esou eng Organisatioun kënnt, ass natierlech alles zimlech exotesch, an et versteet een net ganz vill. Et mécht een emol praktesch mat. A lues a lues geréit een dann an eng Thematik, déi (wéi sech erwisen huet) relativ spannend war an och nach laang Jore spannend bliwwen ass."