Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch am ukraineschen Haus

Zesummenhalt

Op Besuch am ukraineschen Haus

E blo-giele Fändel hänkt op der Nummer 48 an der Rue des Romains. Aus dem geplangte Jugendhaus huet d'Gemeng do an Zäit vun zwee Deeg eng Plaz gemaach, wou Leit déi aus der Ukrain geflücht sinn, sech kënnen zesummefannen, mee och lues zesummen nei Wuerzelen zu Lëtzebuerg schloen. Op dësem sonnegen Nomëtten ass fir d'Kanner Bastelen ugesot: mat Fangerspëtzegefill, Faarf a Freed sollen aus de klenge Klompe Leem konterbont Péckvillercher ginn.

auto_stories

3 min

De klenge groe Villche wëll net esou richteg sangen, mee d'Sonia léist sech dovun net decouragéieren. Konzentréiert formt hatt weider um klengen Déierchen.

Dem Sonia säi Péckvillche soll eng Kéier gréng ginn - d'Faarf vun der Hoffnung. Fir dat eelef Joer aalt Meedchen ass de Bastelatelier eng Manéier dat Land besser kennen ze léieren an dem hatt, seng Mamm Ira, déi sechs Joer al Schwëster Jenia an de Mupp Asya elo liewen.

Mee d'ukrainescht Haus ass och eng Manéier fir der lokaler Bevëlkerung d'Dier zu de Refugiéen opzemaachen, erkläert de Gemengeresponsabele vum Projet. De Méindeg wier zum Beispill de Club Senior an aner Kanner op Besuch gewiescht. "Et war e flotten Austausch", sou de Ben Boulanger.

Angscht ëm d'Famill

Vill vun den Aktivitéite gi vu lokale Veräiner ugebueden. Den Engagement vu Benevollen ass grouss. Och d'Zëmmer, wou Done leien, ass strubbelvoll: reegelméisseg brénge Leit Kleeder, Spillsaachen an Iesswuere laanscht.

Fir d'Kanner a Sécherheet ze brénge wiere se geflücht, seet dem Sonia hir Mam Ira. De Mann, d'Elteren, d'Schwëster an hir Famill - si all sinn doheem bliwwen. An den éischte Woche wier dat éischt wat si Moies gemaach hätt, den Handy ze huelen fir ze schreiwen an ze froen, wéi et hinne geet.

Haut freet si all dréi, véier Deeg no, wat an der Ukrain geschitt.

"An ech fille mech schlecht dowéinst. Mee gläichzäiteg weess ech, datt d'Situatioun a menger Heemechtsstad plus ou moins OK ass. Et gëtt keng Bombardementer do. Ech froe se also net, well ech dat weess - an awer fillen ech mech schlecht dowéinst. Well ech mech un dat rouegt an normaalt Liewe gewinnen, wärend si dat net hunn."

Foto: Gemeng Stroossen

Vun Ongewëssheet geplot

Si hätt d'Gléck weider fir hir Famill kënnen opzekommen. Si kann iwwert Télétravail hirer Aarbecht als Personal- an Technik-Responsabel bei enger IT-Firma weider nogoen, seet d'Ira.

Stënterlech géifen awer ëmmer erëm nei Froen opdauchen. Si wier sech viru kuerzem bewosst ginn, datt d'Kanner mussen an d'Schoul goen zum Beispill. "Keen huet geduecht datt dat esou laang dauert. Ob eemol stelle sech Froen ewéi: Wou wäerte mir liewen? Muss ech, ech weess net, Bettwäsch a Geschier kafen? Well ech weess net wat muer a wat an dräi Méint geschitt."

E kléngt Stéck Heemescht

Dat ukrainescht Haus ass e klengt Stéck Heemecht - eng d'Freed, mee ëmmer mat engem liicht batteren Nogeschmaach. D'Leit géifen engem e bëssen d'Gefill ginn, datt een doheem ass, mee gläichzäiteg géif engem och bewosst ginn, datt ee just fir en gewëssen Zäit kéint am Haus sinn.

"An ech liewen an enger Famill mee Verschiddener liewen an der SHUK a fir déi ass et schwéier nom ukraineschen Haus erëm zeréck ze kommen. An awer ass et immens eng Plaz ze hunn, wou een hi ka kommen. Alleguer d'Ukrainer hunn bal déi nämlech Geschichten erlieft. An et ass schéin einfach mat engem ze schwätzen, deen dat selwecht erlieft huet."