Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Sich no Munitioun fir d'Ukrain

RUSSESCHE KRICH AN DER UKRAIN

Op der Sich no Munitioun fir d'Ukrain

D'EU-Länner sollen hir Stocken unzapen, freet den EU-Chef-Diplomat Josep Borrel. Och de gemeinsamen Akaf vu Munitioun, änlech ewéi bei den Impfstoffer, ass an der Diskussioun.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / ROPI / EUC

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet et e Méindeg um Bord vun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren esou op de Punkt bruecht: "D'Munitiounsgeschicht ass eng Affär net vu Méint, ma vu Wochen, soss ass et ze spéit."

Den EU-Chefdiplomat Josep Borrel huet ee Bréif un d'Verdeegeungsministere vun der EU geschéckt mam Opruff, der Ukrain Munitioun aus den eegene Stocken ofzeginn. "Déi russesch Artillerie feiert all Dag 50.000 Schoss of, d'Ukrain brauch déi nämmlecht Kapazitéit", sou d'Warnung vum EU-Chefdiplomat Josep Borell.

Produktiounskapazitéite missten eropgesat ginn

50.000 Schoss, dat ass esou vill, wéi all Dag an der EU produzéiert gëtt, erkläert den esteschen Ausseminister Urmas Reinsalu.

"Der Ukrain geet d'Munitioun aus. Estland proposéiert dowéinst, datt d'EU sollt zesumme Munitioun akafen, mam Zil eng Millioun där Geschosser zesummenzekréien. De Käschtepunkt dofir läit bei véier Milliarden Euro."

Déi néideg Suen zesummen ze kréien, ass warscheinlech net déi gréisst Erausfuerderung bei deem Projet, fir deen um Enn d'EU-Verdeedegungsministere gréng Luucht misste ginn.

"Dee gréisste Probleem am Moment an Europa ass, datt d'Produktiounskapazitéit net grouss genuch ass," seet iwwerdeems de Lëtzebuerger Arméisminister.

Zesummen als EU fir d'Ukrain Munitioun anzekafen, hält de François Bausch prinzipiell fir eng gutt Iddi. Eng kollektiv EU-Commande kéint nämlech der europäescher Waffenindustrie déi néideg Perspektiv liwweren, fir effektiv hir Produktioun eropzesetzen.

Logistesch Problemer

Déi nächst Woch sollen d'Verdeedegungsministere sech domat befaassen. Onkloer ass, wéi séier deen Akaf ze organiséiere wier. Et gëtt den Ament nämlech e logistesch Probleem tëscht Produzenten a Keefer, déi prett sinn, Kontrakten ze ënnerschreiwen. De politeschen Engagement ass do, dono hapert et awer un der Ëmsetzung.

"Produzenten, Keefer an d'Beneficiairen - dat ass den Dräieck deen optiméiert muss ginn", sot en Dënschdeg den ukrainesche Verdeedegungsminister Dmitri Kuleba op Besuch bei der Nato. "Mir brauchen eng Koordinatioun."

Dofir soll elo en neie Kontaktgrupp bannent der Nato suergen. Fir d'Industrie wier et wichteg, datt Kontrakter ënnerschriwwe ginn, sot no der Reunioun op der NATO, de Generalsekretär Jens Stoltenberg. Verschidde Länner hätten dat gemaach, ma et misst elo méi séier virugoen.

Stocke mussen opgefëllt ginn

Den Appell vum Chefdiplomat, déi eege Munitiouns-Stocken unzezapen, schéngt iwwerdeems e bëssen iwwerholl. Dat hätten d'Länner zejoert als éischt gemaach, sou den Dmitri Kuleba. Och de François Bausch confirméiert, datt zu Lëtzebuerg do näischt méi dran ass. Ee gemeinsamen Akaf vu Munitioun an der EU kéint och dofir suergen, datt d'Länner hir eege Stocken nees opfëlle kënnen, sou de Grénge Politiker.

Nieft Munitioun fir Maschinnegewierer huet de Grand Duché der Ukrain zejoert 12.500 Anti-Panzer-Granate genee ewéi 600 Artillerie-Rakéite geliwwert.