Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Opéra Monde" am Pompidou Metz

Kultur

"Opéra Monde" am Pompidou Metz

Op eisem Nationalfeierdag ass am Centre Pompidou-Metz d'Expo "Opéra Monde. La quête d'un art total" opgaangen. D'Iddi dofir koum vum lëtzebuergesch-belsche Musekolog a Metteur-en-Scène Stéphane Ghislain Roussel. Den Opere-Fan wëllt mat dëser Initiativ kloer maachen, datt entgéint alle Viruerteeler, d'Oper fir Fräiheet steet, datt esou eng Kreatioun all Mënsch inspiréieren a glécklech maache kann. Bei wiem dat scho funktionéiert huet, huet de Stéphane Roussel dem Kerstin Thalau erkläert.

auto_stories

1 min

Viru knapps dräi Wochen hat de Spektakel "Drawing on Steve Reich" an de Rotondë Première. D'Opféierung huet Museker vun den United Instruments of Lucilin, eng Kompositioun vum Amerikaner Steve Reich a Kanner, déi op déi live gespillte Musek eng Zort Mandala kreéiert hunn, zesummebruecht. Den Initiator a Metteur-en-scène dohannert: de Stéphane Ghislain Roussel, ausgebilte Musekolog, Violonist, deen der Musekfuerschung bis haut trei bliwwen ass, mee eis niewelaanscht mat allerlee interessanten - well ëm den Eck geduechten - Bühneproduktiounen erfreet. An elo also d'Expo am Centre Pompidou Metz. Ënner anerem well de Roussel e musikaleschen Drot zu der Directrice Emma Lavigne hat an huet.
All Kreatioun ass fir de Stéphane Roussel eng Mëschung tëschent Code a Fräiheet. Leider hätt d'Oper de Ruff, elitär a bourgeois ze sinn, mee seng Expo sollt mat dëse Viruerteeler e wéineg briechen. Schliisslech hätt de Genre eng Hellewull visuell Kënschtler net just beréiert, mee och inspiréiert.
Nieft hiren Exponate ginn et Wierker vum Bill Viola, William Kentridge, Arnold-Schönberg-Partitiounen, jo esouguer d'original Parzifal-Maquette vum Richard Wagner vun 1842 ze entdecken. Dat Ganzt an engem Parcours, deen un e Labyrinth erënnert, an deem ee sech positiv verire kann. Eng Zeenographie, déi provozéieren an transforméiere soll.