Dësen Tabu an De- oder Hallefinformatioun wier eng vun de gravéierendste Saachen, déi an der Vergaangenheet geschitt wieren, seet den Erik Schneider. Dëst géif dacks d'Relatioun tëscht Elteren a Kanner staark belaaschten. Mat geschlechtsbestëmmenden Operatioune sollt ee waarden, bis déi Betraffe selwer decidéiere kënnen. Et géif sech hei nämlech net ëm iwwerliewenswichteg Operatiounen handelen.
Dat neit Gesetz, mat deem trans- an intersexuell Persounen hire Numm an hiert Geschlecht am État civil kënnen änneren, hätt eng grouss Entlaaschtung fir déi Betraffe bruecht, seet den Erik Schneider, vun "Intersex-Transgender Lëtzebuerg". Eng nächst Etapp wier, fir am État civil en drëtt Geschlecht anzeféieren oder d'Geschlecht auszesträichen. Dat misst awer am Virfeld fir d'éischt gesellschaftlech diskutéiert ginn, esou den Erik Schneider.
Problemer beim Remboursement vun Operatiounen
Dernieft géif et grouss Problemer gi beim Remboursement vun den Operatioune vun der Gesondheetskeess. Do erwaart sech d'Asbl "Intersex & Transgender Lëtzebuerg" nach vum aktuelle Sozialminister Romain Schneider Léisungen. Momentan géife vill Leit sech duerch eng Operatioun verschëlden. Et hätt een dofir dem zoustännege Minister en Entworf vu Statute virgeluecht, wéi et vun der Säit vun der Asbl kéint würdevoll sinn. De Romain Schneider hätt och versprach, bis September dorop ze äntweren. Den Erik Schneider ënnersträicht, datt et wichteg ass, eng séier Léisung fir d'Finanzéierung ze fannen.