Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opfaart tëschent Aktivitéitszon an Autobunn: Eng Sich no Léisungen

Gemeng Conter

Opfaart tëschent Aktivitéitszon an Autobunn: Eng Sich no Léisungen

De Cluster for Logistics fuerdert zanter elo siwe Joer, datt et fir de Logistikzenter an der Industriezon zu Conter endlech eng Léisung gëtt. Dee Cluster hat schonn 2016 een Tracé vun enger Opfaartsstrooss bis op d'Autobunn proposéiert. De Ministère huet déi nei Strooss net als prioritär behandelt, mee hätt een Tracé envisagéiert, deen awer net optimal wier, seet d'Gemeng an de Cluster for Logistics.

auto_stories

2 min

An der Gemeng Conter ginn et Diskussiounen ëm eng Zoufaartsstrooss. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


An där Aktivitéitszon zu Conter, déi no beim Flughafe leit, schaffen eng 5.000 Persounen. Si brauchen awer d'Strooss fir de Giddertransport ze organiséieren. Moies tëscht 6 an 9 Auer gëtt et op där Streck awer een extreme Stau.

Fir deem Problem entgéintzewierken misst eng Opfaartsstrooss geplangt a realiséiert ginn. Déi optimal Streck wier eng Variant mat engem direkten Uschloss vun der Aktivitéitszon op d'Autobunn, erkläert de Malik Zeniti, Direkter vum Cluster for Logistics.

"Déi Variant, déi hannert der Industriezon derduerch fiert an am zweete Rondpoint erauskënnt, dat wier net nëmmen der Gemeng Conter hir Lieblingsvariant, mee och eis als Logisitkacteur."

Eng Alternativ tëscht Izeg a Sandweiler?

Déi Propos haten d'Gemeng an de Cluster gemaach. Prioritär wieren awer déi zwee Rondpointe fir op Sandweiler, dat hat de Ministère hinnen erkläert.

Lo, wou déi Rondpointe fäerdeg sinn, hofft d'Gemeng, datt endlech eng Léisung kënnt. Allerdéngs hätt de Ministère eng Variant erausgesicht tëscht Izeg a Sandweiler, déi sech mam Verkéier kräizt. Fir d'Marion Zovilé-Braqué, Buergermeeschteesch vu Conter, ass momentan awer all Variant gutt, sou laang de Projet viru kënnt.

"Also fir mech ass am Moment all Variant gutt, déi sou séier wéi méiglech ka kommen. Mir haten eng aner proposéiert an déi wier direkt aus eiser Industriezon vun engem Rondpoint aus laascht Izeg duerch d'Wise gaangen. Mee firwat kënne mir net eng Ubannung maachen, direkt aus deem Zoning eraus?"

Rezent Informatiounen iwwer eng eventuell Planung vun där Zougangstrooss hätt een als Gemeng net kritt. Och direkt Informatiounen iwwer déi geplangte Variant géinge feelen.