Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Oppen, sozial a responsabel"

CSJ

"Oppen, sozial a responsabel"

Den Alex Donnersbach iwwerhëlt d'Successioun vun der Elisabeth Margue als President vun der CSJ. Hie gouf um CSJ-Kongress vun de jonke Chrëscht-Sozialen op de Poste gewielt. Et gouf och eng Resolutioun ugeholl iwwer d'Bedeitung vun de chrëschtlech-soziale Wäerter. Zu deene Wäerter zielt den Alex Donnersbach Solidaritéit, Eegeverantwortung a sozial Gerechtegkeet.

auto_stories

2 min

Den Alex Donnersbach, neie President vun der CSJ

Déi Wäerter géife virun allem bei de Jonken net ëmmer esou eriwwer kommen, dofir misst een déi Wäerter an Zukunft besser vermëttelen.

De Grondsazprogramm vun der CSJ vun 1992 wäert iwwerschafft ginn. De Motto "oppen, sozial a responsabel", dee virun e puer Joer agefouert gouf, wier nach ëmmer richteg a géif bäibehale ginn. Souwuel d'CSV wéi d'CSJ misste sech kritesch mat sech selwer auserneesetzen. Prioritéit wier fir déi nächste Joren déi Analys ze maachen. "Mir hu festgestallt, datt mir bei jonke Wieler nach net esou iwwerzeegt hunn, wéi mir dat gäre wéilte maachen".

De richtege Mix tëschent Jonk an Al

Wichteg Sujete si fir d'CSJ Ëmweltschutz a Familljepolitik, esou wéi Logement an Digitalisatioun. D'CSV hätt déi Jonk net esou ugeschwat wéi erhofft. Dat géif deels vläicht un den Iddie leien, déi vläicht net kloer kommunizéiert goufen. "Mir mussen och de richtege Mix fannen tëschent Jonk an Al, och beim Spëtzepersonal, fir datt déi Jonk sech mat der CSV identifizéiere kënnen".

Den Alex Donnersbach ass frou iwwer déi nei Fraktiounspresidentin Martine Hansen an déi zukünfteg Zesummenaarbecht. Als neien CSV-Parteipresident bräicht een een dee rassembléiert an eng Equipe uféiere kann, esou nach den Alex Donnersbach. Dat wier keng einfach Aufgab.

De 26-järegen Alex Donnersbach gouf bei de Chamberwahlen Zwielefte fir d'CSV am Bezierk Zentrum an huet d'Successioun vun der Elisabeth Margue un der Spëtzt vun der CSJ iwwerholl.