arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opportunitéit mat Erausfuerderungen

Mediechronik

|
reading time

3 min

Opportunitéit mat Erausfuerderungen

Den 1. Mee kritt de Mediegrupp Editpress an der Persoun vum Jean-Lou Siweck en neien Direkter. De fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort iwwerhëlt domat d'Successioun vun der Danièle Fonck. Neie Wand ass néideg, mee d'Erausfuerderunge si grouss, mengt de Chefredakter vum radio 100,7.

reading time

3 min

D'Nominatioun vum Jean-Lou Siweck als Editpress-Direkter ass eng Opportunitéit: Ze vill laang goufen et Onkloerheeten iwwer d'Leedung vum Grupp, wat grad a finanziell schwieregen Zäiten ni gutt ass. Editpress gëtt mam Tageblatt a mam Jeudi zwou Zeitungen an Eegeregie eraus. Donieft ass de Mediegrupp un der Gratiszeitung L'Essentiel, um Quotidien an un der Revue bedeelegt. Och wann déi genee finanziell Situatioun eréischt soll den nächste Mount bekannt ginn, ass et eisen Informatiounen no elo scho kloer, datt se net gutt ass.

Den OGBL als Aktionär ass gutt informéierte Kreesser no scho méi laang net méi bereet nozekucken, wéi déi Situatioun degradéiert. Den Editpress-President Nico Clement wollt dat viru Kuerzem hei op der Antenn net esou zouginn: Hien huet gesot, d'Danièle Fonck géif an d'Pensioun goen, an et géif elo drëms goen an der Kontinuitéit weider gutt Zeitungen ze maachen.

Usproch entsprécht net der Wierklechkeet

Dat entsprécht awer net der Realitéit: Och wann Editpress ënnert der Direktesch Danièle Fonck vereenzelt Projeten hat, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien, kann een déi als éischter schwaach beschreiwen. An dat aus zwee Grënn: Fir gudde Journalismus méiglech ze maachen, muss een d'Redaktiounen hannert sech hunn. Dat war besonnesch am Tageblatt awer scho méi laang net méi de Fall. D'Journalisten hunn op verschidden Niveauen Drock gemaach a solle sech souguer beim Conseil fir Ännerungen an der Direktioun agesat hunn. D'Nominatioun vum Jean-Lou Siweck ass dofir intern net grouss ëmstridden.

Zweetens gouf et an de leschte Joren e Problem tëscht Usproch a Wierklechkeet. Et geet net duer ze soen, et géif en op Qualitéitsjournalismus setzen; et muss een et och maachen a virun allem de Raum dofir schafen. D'Tageblatt huet zwar vill Säite gedréckt, et awer net fäerdeg bruecht, dem Lieser den Androck ze ginn, datt et wichteg wier, all déi Säiten ze liesen.

Manner ass heiansdo méi

De Jean-Lou Siweck muss deemno an engem finanzielle schwieregen Ëmfeld elo déi Decisiounen huelen, déi de Lieser e Grond ginn, fir fir d'Zeitungen an d'Webartikelen ze bezuelen. Laanscht Synergien tëscht de Redaktiounen a Konvergenzen tëscht Online a Print wäert hien net kommen. An hie muss nei definéieren, iwwer wat geschriwwe gëtt an iwwer wat net. Qualitéitsjournalismus ass e bewosste Choix: Manner ass heiansdo méi.

Et geet dann och net méi duer, de Monde wëllen nozemaachen a permanent d'Politik vun de franséische Staatspresidenten z'analyséieren. Akzenter si virun allem an der Innepolitik, am Lokalen an an der nationaler Kultur - a Wirtschaft néideg. Den neien Direkter muss et dofir awer och fäerdeg bréngen, zesumme mat de Redaktiounen eng nei Philosophie auszeschaffen an déi och a Musek ëmzesetzen. An dat Ganzt muss um Enn och vun de Lieser gedroe ginn. Näischt maachen ass op jiddefalls keng Optioun: Mat de Konzepter aus de leschte Jore gewannen d'Editpress-Zeitunge keng Lieser dobäi.

Nei Beweegung am Spill ass batter néideg

De Fall gesat, d'Reorientéierung geléngt, kënnen d'Zeitunge vun Editpress d'Konkurrenzsituatioun an der Lëtzebuerger Presselandschaft nees e bësse vergréisseren. Dat ass eigentlech eng grouss Chance a kee Problem: Vu datt d'Lëtzebuerger Wort als gréisst Dageszeitung zënter dem leschten Hierscht kee sou groussen Usproch méi huet fir eenzegaartegen a qualitativ héichwäertege Journalismus ze maachen, ass et dréngend néideg, datt Bewegung an d'Spill kënnt.

Woubäi den OGBL als Editpress-Aktionär méi Gedold weise muss wéi de Bistum als Saint-Paul-Aktionär. Och Saint-Paul Lëtzebuerg hat sech viru véier Joer den ambitiéise Projet gi vun engem onofhängegen a pertinente Lëtzebuerger Wort. De Projet ass de leschten Hierscht schonn nees gestoppt ginn, ënner anerem well wirtschaftlech a politesch Milieuen net frou doriwwer waren, datt si net méi konnte bestëmmen, wat am Wort geschriwwe gëtt. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond wier gutt beroden, säi Projet bei Editpress méi laangfristeg unzesidelen - de Fall gesat natierlech, den neien Direkter kritt de Wandel ageleet.