Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppositioun verléisst aus Protest de Sall

Eclat an der Gemeng Sandweiler

Oppositioun verléisst aus Protest de Sall

Eclat an der Gemeng Sandweiler, wou um Donneschde Moien eigentlech de PAG sollt gestëmmt ginn. Mee d'LSAP an DP-Oppositioun huet de Sall aus Protest verlooss. Well donieft dräi Conseilleren, dorënner och d'CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz net ofstëmme konnten well se befaange sinn, gouf de néidege Quorum fir e Vott net erreecht.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

An engem Schreiwes hat d'LSAP-Conseillère Jacqueline Breuer et ugedeit: de PAG wier absolut net an Zesummenaarbecht mat der Oppositioun ausgeschafft ginn. Et wier jorelaang näischt geschitt an elo géif probéiert ginn, mam definitive Vott kuerz virun de Walen de Projet duerch ze drécken.

"Déi jëtzeg Majoritéit hat fënnef Joer Zäit fir de ganze Projet auszeschaffen, ze presentéieren, an et ass näischt geschitt. Si waren alleguerte méi occupéiert fir dat aalt Gemengenhaus ofzerappen, de Referendum, dat kënnt der iech jo nach erënneren, a soss ass näischt geschitt. An elo wëllen se dann op eemol esou am leschte Moment dat nach iwwer de Knéi briechen. An do kënne mir net mat d'accord sinn."

Kritick vun de Sandweiler Gréngen

D'Jacqueline Breuer huet dann och zesumme mat der ganzer LSAP-DP Oppositioun de Sall verlooss wéi et zum Vott sollt kommen. E Schrëtt, deen de grénge Schäffe Gennaro Pietropaolo net kann novollzéien.

"Also als alleréischt fannen ech dat traureg an ech fannen et malplaceiert vun der Oppositioun hei opzestoen an einfach fort ze lafen, well si hunn iwwer déi ganz Zäit guer keng Propositioun gemaach, keng Iddi abruecht. A si kommen haut, fënnef fir zwielef, mat iergendwellechen Argumenter, fir ze soen: 'Jo, eh.. Nee, eh, iwwer de Knéi gebrach, an da lafen se dann hei fort.'"

Net méi den néidege Quorum fir decidéieren ze kënnen

Well dräi Conseilleren, dorënner och d'CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz befaange sinn, war e Vott net méi méiglech.

Sou datt op bestëmmte Punkten, déi mussen ofgestëmmt ginn, bestëmmte Leit net kënne mat um Dësch sëtzen. Wat jo och richteg ass, well soss hätten se e Conflit d'interet. Si wiere jo da befaangen. An an dem Sënn si mir haut net méi beschlossfäheg an duerch de Fait, datt d'Oppositioun fortgeet, hu mir de Quorum net méi."

Elo soll esou wéi et d'Gemengegesetz virgesäit een neie Vott an enger Woch ugesat ginn. Sollt do och kee Quorum erreecht ginn, wier Mëtt Mee dann e Vott bei dem de Quorum net méi noutwendeg ass.