Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diddeléng: Stolwierkhal "net onbedéngt erhalenswäert"

Denkmalschutz

Diddeléng: Stolwierkhal "net onbedéngt erhalenswäert"

De staatleche Sites et monuments hält d'Stolwierkhal um Diddelenger Site Neischmelz fir "net onbedéngt erhalenswäert", well d'Gebai reng Zweckarchitektur wier. Déi Diddelenger Gréng hate rezent bedauert, datt d'Gebai kéint ofgerappt ginn. Decidéiert ass awer nach näischt.

auto_stories

3 min

D'Stolwierkshal um Diddelenger Site Neischmelz ass "net onbedéngt erhalenswäert". D'Gebai wier "reng "Zweckarchitektur ", sot eis den Direkter vum staatlechen Zerwiss Sites et monuments, Patrick Sanavia op Nofro hin. Fir op déi Konklusioun ze kommen, huet säin Zerwiss sech op eng Bewäertung vum däitsche Spezialist Rolf Höhmann aus dem Joer 2005 gestäipt.

Op Basis vun där Aarbecht hätt Sites et monuments analyséiert, wat op Neischmelz onbedéngt misst bestoe bleiwen a wat net - an dat der Stad Diddeleng, dem Fonds du Logement an dem Inneministère matgedeelt. Sites et monuments confirméiert och, datt just ee klengen Deel vun der Hal Fonducq erhalenswäert wier, an zwar deen eelsten.

"En décken Hummer"

De Robert Garcia, fréieren Direkter vun de Rotonden, ass ee vun den zwee Gréngen am Diddelenger Gemengerot. Hie wënscht sech, datt e Maximum vun der Industriekultur erhale gëtt. Fir datt "wéinstens nach fir déi kommend Generatiounen z'erkennen ass, datt fréier do Leit geschafft hunn, an net nëmme Leit do a schéine Wunnenge wunnen".

Dat géif awer elo um Spill stoen, seet de Robert Garcia. Rezent ass de Gemengerot informell zesummekomm - en vue vun der punktueller Ofännerung vum PAG, déi néideg ass fir de Projet Neischmelz ëmzesetzen. Bei där Reunioun hätt de Gemengerot d'Informatioun kritt, datt Site et monuments en negativen Avis ginn hätt, "souwuel fir d'Hall Fondoucq wéi och fir d'Stolwierkshal"

Foto: CNA / Romain Girtgen

Schrëftlech hätten d'Gemengerotsmemberen awer näischt kritt, sou de Robert Garcia. Hie schwätzt vun engem "décken Hummer", virun allem och, well et scho Pläng gouf fir d'Stolwierkhal. Do sollte Filmstudioen ënnerkommen.

"Nach keng Decisioun geholl"

Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP) wëllt vun engem negativen Avis vu Sites et monuments näischt wëssen. Et wier nach keng Decisioun iwwer d'Ofrappe vun de Gebaier geholl ginn, well och nach keng offiziell Demarche en vue vun engem Klassement initiéiert gi wier. "Hei muss jo dann nach eng Kéier de Kulturministère, respektiv Sites et monuments saiséiert ginn."

De Fonds du logement hat Neischmelz 2016 vun ArcelorMittal fir ee symboleschen Euro ofkaaft. Een Ofrappe wier nach net decidéiert, seet och d'Presidentin Diane Dupont. "Ganz au contraire si mir do am Gaang ze kucken, wat fir eng Funktioune méiglech sinn an där Hal, fir ze kucken, wéi mir se kënne beleeën."

A souguer wann et en negativen Avis géif ginn, kéint een deen ëmgoen, sou d'Diane Dupont. "Wann dat esou ass, heescht dat jo nach net, datt mir se ofrappen. Ech bleiwen dobäi: mir sinn am Gaang ze kucken, wéi mer se kënnen halen."

Um Site Neischmelz solle mëttelfristeg dausend Wunnengen entstoen, och Entreprisë sollen hei Plaz fannen. Enn 2019 sollen d'Assainissementsaarbechten ufänken.