Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vum Prozess an der Affär Lunghi

No engem RTL-Televisiounsinterview vun 2016

Optakt vum Prozess an der Affär Lunghi

Virum Stater Correctionnel ass den Optakt vum RTL-Lunghi-Prozess. Am Mëttelpunkt steet en Televisiounsinterview vun 2016. D'Geriicht muss urteelen, ob de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi vun RTL diffaméiert gouf.

auto_stories

3 min

An der Affär Lunghi geet et ëm de fréieren Direkter vum Mudam.

Ugeklot si véier Persounen: De fréieren RTL-Journalist Marc Thoma, déi fréier RTL-Journalistin Sophie Schram, de fréieren RTL-Direkter Alain Berwick an den RTL-Programmchef Steve Schmit. Fir d'Mammenhaus CLT-UFA goung een non-lieu gesprach. Eng Uklo blouf also aus.

Déi Beschëllegt kréien Diffamatioun an Kierperverletzung vis-à-vis vum Enrico Lunghi virgeworf. Hannergrond ass een Televisiounsinterview, deen den 13. Juli 2016 fir d'Serie de 'Nol op de Kapp' realiséiert gouf. Der Journalistin Sophie Schram no hätt den Enrico Lunghi si wärend dem Interview brutaliséiert, hier de Mikro ewech gerappt an se un der Hand blesséiert.

Den 3. Oktober gëtt de Reportage op RTL gewisen. Dee soll weisen, dat den Enrico Lunghi iwwergrëffeg gi wier. Den Dag drop kritiséiert de Premier Xavier Bettel den Enrico Lunghi op der Televisioun an eng Disziplinarenquête gëtt ageleet. De Mudam-Direkter entschëllegt sech fir säi Behuelen, demissionéiert an der Suite awer wéinst der ëffentlecher Diskussioun ëm seng Persoun.

Firwat den Enrico Lunghi net viru Geriicht steet

Déi ganz Affär krut duerno eng komplett aner Tournure. Et stelle sech Froe wéinst der Journalistin hirer Blessur an hirem Certificat médical. Dee gouf an zwou Varianten ausgestallt. Et bleift onkloer, ob d'Journalistin wierklech beim Interview blesséiert gouf. Eng Plainte gouf allefalls ni agereecht obwuel all Säite gemengt haten, dat wier de Fall gewiescht.

Den Enrico Lunghi huet de Verdacht, datt et sech ëm e Coup monté wéinst senge kënschtleresche Choixen handelt a mécht eng Plainte.

Een Disziplinarrapport deen et a sech huet

Schlussendlech gëtt den Disziplinarrapport vum zoustännege Regierungskommissär publizéiert. E kënnt zur Conclusioun, datt beim Montage vum RTL-Reportage Bild an Toun esou zesummegesat gi sinn, datt se ee falscht Bild vun der Situatioun ofginn.

Et gouf also gefuddelt, wat journalistesch en No-Go ass. Souwuel déi zoustänneg Medienautoritéit ALIA, wéi och de Conseil de Presse kritiséieren dës Manipulatioun. De Kommissär stellt sech och Froe firwat d'Journalistin eréischt zéng Deeg nom Interview e Certificat médical presentéiert a virdru bei hirem Patron ni vun enger Blessur, ma just vun enger Entrave vun der Meenungsfräiheet geschwat huet.

Eng Rei vu Froe bleiwen ze klären

Froe ginn et speziell wat de Montage vum Reportage ugeet. Wie war do mat wéi enger Intentioun dobäi an huet wéi een Afloss geholl? Firwat huet d'RTL-Chefredaktioun fir d'éischt gemengt, de Reportage dierft net gesent ginn, well en net credibel wier? A firwat huet den Direkter duerno awer gréng Luucht ginn? Firwat huet d'Journalistin keng Plainte agereecht wann se dach blesséiert gouf?

A firwat huet si ni gesot, datt den Interview nom Tëschefall normal an a gereegelte Bunnen ofgelaf ass. A gouf et wierklech d'Absicht, den Enrico Lunghi mam Reportage ze schiedegen. Et wier scho bal vermoossen, Affaire à suivre ze soen...