Fussball-Weltmeeschterschaft WM a Russland: Am Fong misst een ewechkucken

D'Decisioun vun der FIFA, d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2018 a Russland spillen ze loossen, huet vun Ufank u fir Diskussioune gesuergt. Aus politesche Grënn. Et gi Leit, déi souguer e Verglach mat 1978 zéien: deemools huet och eng WM der brutaler Militär-Diktatur an Argentinien d'Méiglechkeet ginn, sech an engem gudde Liicht op der Weltbühn ze presentéieren. Wann de Mëtteg um fënnef deen éischte Match zu Moskau ugepaff gëtt (Russland géint Saudi-Arabien), da fänkt dem Wladimir Putin seng Party un. Ob se e Succès gëtt, wësse mir an engem Mount. E puer Gedanke vum Maurice Molitor.

Maurice Molitor

Kommentar Maurice Molitor
Maurice Molitor

Am Fong misst een d'WM jo boykottéieren. Kee Match kucken, sech engem Spektakel entzéien, bei deem wuel Fussball gespillt gëtt, mee dee virun allem do ass, fir datt e President mat engem zweiwelhafte Ruff sech profiléiere kann. Dobäi léisst dee President politesch Géigner a Prisongen aspären, e päift op Mënscherechter, e féiert Krich, stäipt deem brutalen Assad a Syrien de Réck, e besetzt Deeler vun Nopeschlänner, suergt dofir, datt senge Copainen aus der Baubranche sech mat der Constructioun vu prachtvolle Stadien eng gëllen Nues verdéngen, woubäi och alt emol deen een oder anere Rubel an engem däischtere Kanal verschwënnt. Do ginn da béid Aen zougedréckt. D'Aarbechter op der Chantieren hunn natierlech näischt dervun, anscheinend sinn ee Moment souguer Nordkoreaner ageflu ginn, déi ënner execrabele Konditiounen do geschafft, an déi, wéi si heemkoumen, en Deel vun hirer Pai un de Regimm hu missen ofginn.

Am Fong misst een also ewech kucken an dat Evenement ignoréieren. Esou wéi iwwregens 4,5 Milliarde Mënschen op der Welt dat maachen. Fairerweis muss een awer soen, datt dat bei den allermeeschte keen Zeeche vu Protest ass. Mee datt et si villméi einfach net interesséiert.

Dräi Milliarde Mënschen, gëtt geschat, wäerte sech awer matrappe loossen. De Reiz vum Evenement ass einfach ze grouss, fir Prinzipien trei ze sinn: d'Fussball-Weltmeeschterschaft huet eppes, wat keen anert Evenement huet. Souguer d'Olympesch Spiller net. Bei Olympia léisst d'FIFA jo och just U23 Equippen untrieden, dat ass Statement.

Den Owend ass also deen éischte vu 64 Matcher. Elo gëtt emol 14 Deeg an de Gruppe gespillt, Portugal-Spuenien klengt richteg gutt, mee Panama-Tunesien? Dat geet och laanscht - an a 14 Deeg geet et da mat den Aachtelsfinalle richteg lass.

Den neie Weltmeeschter gëtt de 15. Juli gekréint. Brasilien oder Däitschland? Dat wier net wierklech iwwerraschend. En Outsider? Oh jo, spannend. Russland? Hoffentlech net. Well da wier et wahrscheinlech awer besser gewiescht, vun Ufank un ewechzekucken.


De Kommentar vum Maurice Molitor:

Lauschteren

Méi zum Thema

LGBT
LGBT

D'Fussball-Weltmeeschterschaft ass a Russland. Et sollt een och d'Problemer gesinn, déi et do gëtt, wann et ëm d'Mënscherechter geet, seet d'Europaparlament. D'Parlament huet sech dofir eng speziell Aktioun iwwerluecht.

Fussball Fans
WM 2018

Phenomenal Goaler, legendär Spiller a Matcher, déi an d'Geschicht agaange sinn. Evenementer déi net nëmmen an der Erënnerung vu Fans eng Roll spillen, mee och an der klassescher Musek.

Fussball Kigali 4
Ruanda

Jonk Leit fërderen an hinne wichteg Valeure vermëttelen. Dat ass d'Zil vun zwee Fussballprojeten an der ruandescher Haaptstad Kigali. Et wëll een no vir kucken an d'Vergaangenheet hannert sech loossen.

Stadion
Fussball

Bei der Qualifikatioun fir d’WM 2018, geet et virun allem ëm d’Performance, esou den Nationaltrainer. Däitschland, Frankräich a Spuenien si bei der EM 2016 dem Luc Holtz seng Favoriten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen