Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Organiséiert Attack op Mënscherecht(l)er

Amnesty International

Organiséiert Attack op Mënscherecht(l)er

D'Konstrukt vun de Mënscherechter, d'Basis vun eise Gesellschaften, géif um Spill stoen, seet de Stan Brabant. Dem Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg no géing et am Kader vun de Vereente Natiounen eng Koalitioun ginn, déi géint Mënscherechtsorganisatiounen agéiert. Déi zweedeiteg Haltung vun den USA géigeniwwer de Mënscherechter ënnert dem President Donald Trump hätt déi Tendenz verstäerkt.

auto_stories

3 min

Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg

Mëttlerweil wier d'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International weltwäit méi domadder beschäftegt, fir hir eege Mataarbechter ze verdeedegen, wéi fir aner Affer vu Mënscherechtsverletzungen anzetrieden. "D'Roll vun Organisatioune wéi Amnesty International ass et, Regierungen ze stéieren", seet de Stan Brabant. Dat wier nach ëmmer esou gewiescht. Doriwwer eraus hätt den Drock op d'ONGen awer nei Ausmoossen ugeholl.

Staate-Koalitioun géint Mënscherechtsorganisatiounen

Um Niveau vun de Vereenten Natioune géing et eng Koalitioun vu verschiddene Staate ginn, fir géint Mënscherechtsorganisatioune virzegoen. De Stan Brabant mengt, datt eng gemeinsam Strategie dohannert géif stiechen. De Resolutiounsprojet fir de Schutz vu Mënscherechtsaktivisten, deen Norwegen bei der UNO-Vollversammlung agereecht hat, wier hefteg attackéiert gi vu Länner wéi Russland, China, Egypten, Kuba an der Tierkei. Dat wier eng Première gewiescht. Derbäi kéimen eng ganz Rei Staaten, déi sech passiv géife verhalen. Den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg féiert dat zum Deel drop zréck, datt mam Donald Trump d'USA eng féierend Roll an der Verdeedegung vun de Mënscherechter opginn hätten. Den US-President wier selwer e "Prédateur" vun de Mënscherechter.

Gläichzäiteg géing et awer och eng Koalitioun vun enge 60 Staate ginn - zu deenen och Lëtzebuerg zielt - fir dee Resolutiounsprojet ze verteidegen.

Mënschenhandel a Libyen: Hypokrisie vum Westen

E Reportage vum amerikaneschen Noriichtesender CNN, dee virun zwou Wochen diffuséiert gouf, weist, wéi a Libyen Mënschen op engem Marché fir Sklave verkaf ginn. Dee Reportage hat fir vill Roserei bei westleche Politiker gesuergt. Mënscherechtsorganisatioune maache schonn zënter Méint op déi katastrophal Situatioun a Libyen opmierksam. Eng Situatioun, an där Flüchtlinge Gewalt, Vergewaltegung, Tortur a Versklavung erliewen.

De Westen hätt eng heuchleresch Haltung géigeniwwer dem Noen Osten a besonnesch géintiwwer Libyen. Déi europäesch Waffenexporter wieren deels Schold un der onstabiller Situatioun an deene Regiounen. Derbäi kéim, datt d'EU Ofkommes mat deene Länner mécht, fir datt d'Migranten net iwwert Mëttelmier an Europa kommen. Esou Accorde géifen näischt bréngen, wann hannendrun net eng déifgräifend Aarbecht an de Gesellschafte vun deene Länner gemaach géif ginn, esou de Stan Brabant. Amnesty International fuerdert, datt Lëtzebuerg d'Ofkommes mat der Tierkei denoncéiert. D'Flüchtlingsfro op extern Acteuren ze verschibe géif meeschtens zu de schlëmmste Violatioune vun de Mënscherechter féieren, seet den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Hie kritiséiert dann och déi desolat Situatioun vun de Flüchtlingen a Griicheland.

D'Situatioun vun de Rohingya

Wat d'Situatioun vun de Rohingya am Myanmar ugeet, wier et ze fréi, fir déi 620.000 Flüchtlingen zréck an de Myanmar ze féieren. D'Situatioun wier dem Stan Brabant no net sécher genuch. D'Premierministesch an d'Laureatin vum Friddensnobelpräis, Aung San Suu Kyi, wier ee Produkt vun der Militär Intelligenzia. Zënter Méint geet d'Militär am Myanmar mat Gewalt géint déi moslemesch Minoritéit vir.