Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Otherworlds" am natur musée

Spektakulär Vuen op d'Planéiten

"Otherworlds" am natur musée

D'Planéiten an eisem Sonnesystem leie Millioune bis Milliarde Kilometer wäit vun der Äerd ewech. Den amerikaneschen Auteur, Journalist a Realisateur Michael Benson huet virun circa 15 Joer decidéiert, se eis méi nozebréngen. Hien huet d'Weltraum-Archiver no interessante Planéiten-Opnamen duerchsicht, se mam Computer traitéiert a se a grousse Formater fir eng Ausstellung printe gelooss. Den Astrophysiker Eric Buttini huet dës Expo mam Titel "Otherworlds" zu London entdeckt a presentéiert se bis Januar 2019 am natur musée am Gronn. D'Kerstin Thalau huet grouss gekuckt.

auto_stories

3 min

Den zweete Stack vum natur musée am Gronn läit an der Däischtert, aus der Distanz wierkt e wéi verlooss. Mee dann héiert ee sphäresch Musek vum Brian Eno, an op eemol zitt eng rout Scheif de Bléck op sech a wann ee méi no kënnt, gi Spotten un, et erkennt een dramatesch Trëndelen op enger gliddeger Iwwerfläch: d'Sonn ass iwwer dem Michael Benson sengen Otherworlds - wéi ee sou schéi seet - opgaangen. "Hie war kee studéierte Wëssenschaftler an hien huet de Fokus op dat Ästhetescht geluecht", seet den Astrophysiker Eric Buttin. En ausgebilte Wëssenschaftler hätt dat vläicht ganz anescht presentéiert. Et gesäit een an der ganzer Ausstellung Saachen, déi eenzegaarteg sinn. Et sinn och ganz vill Phenomener, déi gewise ginn, fir déi et nach keng wëssenschaftlech Erklärunge ginn.

Riseg Fotoen a wëssenschaftlech Donnéeën

Wa vun engem globale Sandstuerm um Mars rieds goung, oder vum sechste gréisste Saturnmound Enzyladus, deen a senger Südpolarregioun eng gewalteg Quantitéit Waasser an de Weltraum späizt, déi op der Plaz fréiert, dann huet ee versicht, sech eppes dorënner virzestellen. An der Expo "Otherworlds" gëtt visibel, wéi de risege Stuermsystem "de roude Fleck", deen dräimol esou grouss ass wéi d'Äerd, zanter 350 Joer de Jupiter opwullt. Robotiséiert Sonden-Opname vu Planéitenuewerfläche mussen also net iwwerflächlech sinn. "D'Essenz vun der Ausstellung si riseg Biller an extrem héijer Opléisung vun deene verschiddene Kierpere vum Sonnesystem. De Kënschtler deen déi Ausstellung konzipéiert huet, huet sech Donnéeë vun de Raumsondë vun der NASA a vun der ESA gesammelt. Mat den Donnéeë kann een, wann een drop kuckt, näischt ufänken, mee de Kënschtler huet déi esou zesummegesat."

All Woch een anere Planéit

Déi robotiséiert Planéiterecherche huet mëttlerweil eng Traditioun vu 60 Joer. An der Zäit sinn eng Hellewull Opnamen zesummekomm, déi fir de grousse Public net onbedéngt zougänglech sinn. Dem Michael Benson seng Aarbecht ass deemno eng wichteg mise-en-valeur vum visuelle Patrimoine vum Weltall. All Donneschdeg an der Mëttesstonn proposéiert den Eric Buttini eng Zort Zoom op ee vun de Planéiten aus eisem Sonnesystem. Déi Kéier op d'Venus, op 38 Millioune Kilometer eis direkt Nopesch, nom Mound souzesoen deen hellste Kierper um Himmel. "Vun der Venus ginn et relativ wéineg Biller. Et waren zwar vill Missiounen, ënner anerem an de 70er Jore vun de Russen, déi probéiert hunn op deene Planéiten ze landen, mee dat ass immens komplizéiert, well d'Venus ass een Inferno. Et ginn zwar Radaropnamen, well d'Venus vun enger Wollekeschicht iwwerdeckt ass, normaalt visibelt Liicht kënnt guer net bis op d'Uewerfläch. Ech probéiere fir sou gutt wéi méiglech a sou didaktesch wéi méiglech op d'Specificitéite vun deenen eenzele Planéiten anzegoen."