Biophilia "Ouni Planzeschutzmëttel kann de Wäibau apaken"

Een neien Entworf fir eng EU-Direktiv gesäit vir, de Gebrauch vu Planzeschutzmëttel bis 2030 ëm d'Hallschent ze reduzéieren. Fir sougenannte sensibel Zonen ass esouguer e komplette Verbuet vun esou Mëttele virgesinn. En No-Go fir d'Wënzer: Ouni Planzeschutzmëttelen, kee Wäibau méi, soe si. D'Paule Rodesch huet nogefrot, firwat.

Paule Rodesch / ll

Weinbau
Foto: Bigstock / bonzodog

Hei am Land ginn et 1.300 Hektar Wéngerten. Een Deel dovunner, ënner anerem an de Gemenge Schengen a Wuermer, souwéi a Schutzgebidder, an deenen also keng Sprëtzmëttele méi dierfte benotzt ginn, wann d'EU-Direktiv, esou wéi se elo um Dësch läit, géif Realitéit ginn. Wat dat konkret heescht, erkläert de Planzeschutzexpert vun der ASTA, Jacques Engel:

"Déi momentan Propos gesäit effektiv vir, datt et keng Ausnam fir iergendeng Zort vu Sprëtzmëttel gëtt. Nëmmen op Demande vum jeeweilegen Uwender, fir Quarantänsschädlingen. Dat sinn dacks Insekten, déi aus dem EU-Ausland kommen, déi keng natierlech Feinden hunn a ganz staark sech verbreede kënnen, fir déi ze bekämpfen, oder invasiv Planzenaarten."

Fungizide bekämpfen

Fir Fungiziden, also Mëttele fir Pilzkrankheeten ze bekämpfen, géif et deemno keng Exceptioune ginn. Grad dat mécht de Wënzer awer Suergen. Am Wäibau sinnënner anerem deen echten an de falsche Mehltau, déi bei Fiichtegkeet entstinn, gefaarte Krankheeten, duerch déi ganz Riewe kënnen agoen. Wann ee wéilt evitéieren, datt d'Krankheet virugeet, muss gesprëtzt ginn.

Reell Alternative gëtt et net, an och keng méi duuss Mëttel, well och Substanzen, déi fir d'Biolandwirtschaft zougelooss sinn, wéi Schwiefel oder Koffer, wiere vun esou engem Komplett-Verbuet betraff. De Carlo Entringer ass Hobby-Wënzer, zanter 1995 am Betrib, mam éischte Bio-Wéngert hei am Land, zu Kanech. Hie schafft ouni Herbi- an Insektiziden, op Fungizide kann de Wäibau leider net verzichten, betount hien, och wa se fir d'Ëmwelt schiedlech kéinte sinn.

"Beim Sprëtzen ass de Koffer e Problem, well dee sech am Buedem uräichert. Et gëtt awer gekuckt, datt nee sou kleng wéi méiglech gehale gëtt."

Reduktioun vu Planzeschutzmëttelen

Eng Reduktioun vun de Planzeschutzmëttele wier wënschenswäert, sot de Carlo Entringer. Een endgültege Verzicht wier haut awer net méiglech. Géif eng Pilzkrankheet bis op d'Drauf iwwergoen, dann ass se futti. Ee komplett Verbuet vum Sprëtzen hätt deemno dramatesch Konsequenze fir de Secteur.

"Da kéinte sämtlech Länner, besonnesch déi, déi änlech Wiederverhältnisser hu wéi mir, déi kéinten direkt apaken."

Landwirtschaftsministère versteet d'Bedenke vun de Wënzer

Bréissel schafft Texter aus, ouni eng Anung vun der Realitéit um Terrain ze hunn, dat ass de Reproche vum President vun de Privatwënzer Ern Schumacher. Hie betount, datt de Secteur an de leschte Jore scho vill gemaach hätt, fir de Gebrauch vu Planzeschutzmëttelen erofzefueren.

"Andeems datt mir modern Maschinne kaaft hunn, déi computergesteiert sinn, an déi beim Bierg eropfuere manner sprëtze wéi normal."

D'Wënzer wiere frou, wa sinn net misste sprëtzen, et wier deen deierste Posten an hirem Geschäft, esou den Ern Schumacher. Ouni géif et awer haut net funktionéieren. Op Säite vum Landwirtschaftsministère versteet een d'Bedenke vun de Wënzer, seet den zoustännegen Expert vun der ASTA, Jacques Engel.

De Grand Duché hätt sech grad wéi all aner EU-Länner dofir och géint e Komplett-Verbuet ausgeschwat. D'Produktioun vu Liewensmëttelen, sief et am Geméis-, Uebst- oder Wäibau, misst ëmmer méiglech bleiwen. Lëtzebuerg géif sech awer weiderhi fir eng Reduktioun vun de Planzeschutzmëttelen asetzen. Et bleift also ofzewaarden, wat um Enn zu Bréissel decidéiert gëtt.

An der Mediathéik:

Biophilia / / Paule Rodesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Landwirtschaft
Agrikultur

2022 war e ganz schwieregt Joer fir d'Landwirtschaft, d'Baueren hätten awer dat Bescht erausgezunn. Zu där Conclusioun kënnt de Landwirtschaftsministère no enger Reunioun mat Representanten aus dem Secteur.

Illutratioun Dréchent
Meteo

D'Fréijoer war ze dréchen, esou de Bilan vum meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère. Vu Mäerz bis Mee huet et net genuch gereent, vill landwirtschaftlech Kulture konnte sech net optimal entwéckelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen