Radioen

On air

Notturno  |  Modestine Ekete - Zing Ndana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASBL Passerell: "Ouni Projete musse mer ophalen"

Juristesche Bäistand am Asylrecht

ASBL Passerell: "Ouni Projete musse mer ophalen"

Zanter 2016 besteet d'ASBL Passerell, eng Associatioun vun Affekoten déi Asyldemandeuren, Flüchtlingen a Migrante juristesche Bäistand gëtt. D'Aktivitéite vun der ASBL sinn elo aus finanzielle Grënn a Gefor. E Schëllege gesäit d'ASBL och: De Justiz- respektiv Ausseministère, dee keng europäesch Projeten an dësem spezifesche Beräich géing ausschreiwen. De Ministère selwer erkläert, et hätt ee keng Budgete fir esou eng ASBL laangfristeg ze finanzéieren.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


En agreabele Partner ass d'Associatioun, déi véier fest Mataarbechter huet, net - scho guer net fir d'Direktioun vun der Immigratioun, géint déi 2020 e Recours ageluecht gouf.

D'Affekote vu Passerell geheien der Administratioun, déi dem Ausseministère ënnersteet, vir, den Demandeure keen Accès zu de Asylprozedure garantéiert ze hunn.

D'ASBL konnt bis elo duerch d'Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert ginn, mee dee Support ass ëmmer nëmmen temporär.

D'ASBL, déi eegenen Aussoen no eng 15.000 Euro de Mount brauch, hat sech bis elo aus privaten Donen an ëffentleche Fonge finanzéiert.

Problemer bei Accès zu europäesche Projeten

Op laang Sicht hat een awer gehofft sech iwwer europäesch Projete finanzéieren ze kënnen, déi hei am Land ausgeschriwwe ginn, sou d'Passerell Presidentin Catherine Warin:

"[...] ce qu'on constate ces dernières années c'est que sur notre créneau d'activité, notre coeur de métier, on n'a pas la possibilité de candidater pour des appels à projets. Parce qu'en fait ces appels à projets sont conçues de telle sorte que notre coeur de métier n'est pas couvert par ces appels."

Zu Lëtzebuerg géif einfach de Wëlle feele fir sech u Projeten ze bedeelegen, déi den Ëmgang mam Asylrecht kritesch hannerfroen, sou nach d'Catherine Warin.

Dat géif zum Beispill de Projet AMIF (Asylum Migration and Integration Fund) betreffen. Hei hätt ee sech fir d'Ausschreiwung gemellt, Lëtzebuerg géif awer net emol d'Konditiounen transparent duerleeën;

"Là par exemple ce qui est problématique, ce nouvel appel à projet pour des fonds européens, c'est que cet appel à projet conçu par le ministère luxembourgeois des affaires étrangères, il est basé sur un programme, un document que les autorités luxembourgeoises refusent de nous communiquer."

Aner Staate géifen déi Dokumenter allerdéngs ëffentlech maachen, sou d'ASBL.

Reaktioune vum Ausseministère

Den Ausseminister Jean Asselborn wollt op Nofro näischt zu dem Dossier soen. Hien huet awer dorop higewisen, datt ee limitéiert Budgeten hätt a verschidden Associatioune géif ënnerstëtzen, dorënner och Passerell.

Parallel géif de Staat all Demandeur gratis en Affekot stellen. Eng Léisung wier eventuell en vue, well et weider Gespréicher mat der Œuvre solle ginn, sou nach de Jean Asselborn.

Bei Passerell weess een näischt dovunner, et stëmmt allerdéngs, datt ee fir e weidere Projet kandidéiert hätt: Do geet et ëm d'Rechter vu Leit, déi aus der Ukrain flüchten, ouni déi ukrainesch Nationalitéit ze hunn.