Actioun Lëtzebuergesch "Pabeier ass gedëlleg"

D'Regierung huet d'lescht Joer 40 Mesurë festgehalen, mat deenen d'Lëtzebuergescht soll gefërdert ginn. D'Actioun Lëtzebuergesch begréisst dat. Si hofft awer, datt dëst, wéi et um Pabeier steet, wierklech an d'Realitéit ëmgesat gëtt.

Sophie Morang / ys

Claude Bache
Claude Bache, President vun der Actioun Lëtzebuergesch

"Pabeier ass gedëlleg" seet de Claude Bache, President vun der Actioun Lëtzebuergesch. D'Associatioun begréisst d'Regierungsstrategie fir d'Sprooch, wëllt awer genee analyséieren - wéi déi 40 geplangte Mesuren an d'Realitéit ëmgesat ginn. Esou zum Beispill d'Iddi vum Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch. "Dee muss herno wierklech déi Kompetenze kréien, déi d'Gesetz virgesäit", seet de Claude Bache. Wann hie just eng Alibifunktioun huet, wier kengem gehollef.

Geet et der Sprooch esou gutt, wéi laang net méi?

"Dat gëtt ëmmer esou gesot, ass awer net ganz richteg" - seet de Claude Bache. Et géif méi geschwat a geschriwwe ginn, wëll méi Leit hei wunnen. Vill vun den Awunner géifen d'Sprooch awer och guer net kënnen. D'Actioun Lëtzebuergesch fuerdert méi Efforten, fir d'Sprooch an der Gesellschaft ze stäerken. "Et soll net alles vum Franséischen iwwerrannt ginn", seet de Claude Bache

"Mir waren e bëssen ageschlof", seet de Claude Bache. Virun zwee Joer wier eng nei Dynamik an de Comité komm, sou datt entretemps en anere Wand an der Actioun Lëtzebuergesch géif blosen.

Méi zum Thema

Felix Braz
Tëschebilan vum Nationalitéitegesetz

De Justizminister zitt e positiven Tëschebilan vum neien Nationalitéitegesetz. Et bräicht een awer méi Abiergerungen an e Wahlrecht fir Residenten, fir den demokrateschen Defizit ze behiewen.

Marc Barthelemy
Lëtzebuergesch

7.500 Leit sinn aktuell an Erwuesse-Coursen ageschriwwen. Ëmmer méi Leit schwätzen doduerch Lëtzebuergesch. Et wier allerdéngs schwiereg, dat néidegt Personal ze fannen, fir d'Sprooch z'enseignéieren.

Lëtzebuergesch Sproochecours
Sproochecoursen

Net-Lëtzebuerger, déi zënter 20 Joer am Grand-Duché wunnen, kënnen duerch dat neit Nationalitéitegesetz méi liicht Lëtzebuerger ginn. Am Moment géife sech vill Leit a Course fir Lëtzebuergesch aschreiwen.

Lëtzebuergesch Sproochecours
Sprooch

Wéinst dem neie Nationalitéitegesetz schreiwe sech méi Leit fir d'Lëtzebuergesch Sproochecourse beim INLL an. Déi Tendenz no uewen huet sech awer och an deene leschte Jore schonn däitlech gewisen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen