Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paiegerechtegkeet: Méi Transparenz vun Entreprisë gefrot

Egalitéit vun de Genren

Paiegerechtegkeet: Méi Transparenz vun Entreprisë gefrot

An der EU verdénge Fraen an der Moyenne nach ëmmer 14 Prozent manner ewéi Männer fir déi nämmlecht Aarbecht. Eng nei Direktiv soll dofir suergen, datt deen Ecart méi kleng gëtt. Et gëtt awer Sträit doriwwer, wéi eng Entreprisë fir méi Transparenz musse suergen.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Déi nämmlecht Pai fir déi nämmlecht Aarbecht: Dat ass ee Grondrecht, datt zanter 1957 esou an den EU-Traitéë festgehalen ass. An awer verdénge Fraen an der Europäescher Unioun an der Moyenne nach ëmmer ronn 14 Prozent manner ewéi Männer.

An de leschte Joren huet sech d'Situatioun nëmme ganz liicht verbessert.

Entreprise vun ënner 250 Employéë kéinte verschount bleiwen

Eng nei EU-Direktiv soll dofir suergen, datt deen Ecart méi kleng gëtt. Et geet konkret ëm ee Mechanismus, deen dofir suerge soll, datt d'Recht op déi nämmlecht Pai ka real duerchgesat ginn.

Den Hiewel ass d'Transparenz: dat heescht, datt Entreprisë mussen hir Paiepolitik an Tabellen oppen zougänglech maachen.

An do ginn d'Meenungen och direkt auserneen. D'Reegele solle just fir Entreprisë gëllen, déi méi ewéi 250 Employéen hunn, seet d'Europäesch Kommissioun. D'Majoritéit vun den Europadeputéiert géif dee Seuil gäre bei 50 Salariéen uleeën.

Dat war ee Kompromëss: Sozialisten, Gréng an Déi Lénk waren dofir, nach méi wäit ze goen, seet den Europadeputéierte Marc Angel.

"Mir hu proposéiert, datt d'Reegele fir all d'Entreprisë gëllen: Déi grouss mat iwwer 250 Employéë sollen all Joer ee Rapport publizéieren. Déi mat bis 100 Salariéeën all zwee Joer an déi kleng all dräi Joer. Mir sinn awer domat leider net duerchkomm. Mir hu schliisslech Waasser an de Wäin geschott an et eis drop gëeenegt, datt déi nei Reegele fir d'Entreprisë mat iwwer 50 Employéeë gëlle soll."

Den LSAP-Politiker ass ee vun deene vum Europaparlament, déi bei de Verhandlunge mat de Memberlänner derbäi sinn. D'Länner wéilten d'Limite vun den Entreprisen, déi vun deenen neie Reegele betraff wieren, och gäre méi héich usetzen. De Sträit ass virprogramméiert.

"Dat ass fir d'Parlament déi rout Linn, wou mir kämpfe wäerten. Do si mer eis eens", sou de Marc Angel.

D'Argument, déi nei Reegele wieren ze opwenneg fir d'Entreprisen, léisst den Europadeputéierte vun der LSAP net gëllen. Do géif et Logicielle ginn, fir déi Aarbecht méi rationell a rapid ze maachen, sou de Marc Angel.

D'Parlament proposéiert och, datt een en Employé net per Aarbechtsvertrag dozou forcéiere kéint, no baussen ze ginn, wéi héich seng Pai ass. Och dat kéint fir Diskussioune suergen.

Gestridde gëtt och nach doriwwer, vu wéini un eng Entreprise muss Mesuren huelen, fir den Ecart tëscht de Paien effektiv méi kleng ze maachen.

Lëtzebuerg ass Spëtzereider an der EU

Zu Lëtzebuerg läit deen Ecart mat 1,5 Prozent europawäit am niddregsten. Den Duerchschnëtt an der EU läit awer bei 14,1 Prozent. Do leie verschidde Länner, wéi Ungarn, Däitschland oder Éisträich wäit driwwer.

"Mir kënne frou sinn, datt mir de Champion sinn. Mee am Duerchschnëtt läit den Ecart bei 14,1 Prozent an et si Länner, déi wäit driwwer leien".

Lëtzebuerg huet schonn op nationalem Niveau een entspriechend Gesetz, wat och kéint dozou bäigedroen huet, datt den Ecart manner grouss ass.

Datt Gesetzer a Saache Gender-Gerechtegkeet eppes bréngen, géifen d'Statistike weisen, seet iwwerdeems d'Carlien Schelle vum Europäeschen Institut fir Gender-Egalitéit.

Si hëlt d'Beispill vun der Representatioun vu Fraen an de Chefetagen. Déi ass 30 Prozent méi héich an deenen EU-Länner, déi scho Quoten agefouert hunn.

"Wann een d'Zuele kuckt, déi mir zesummegedroen hunn, da soen déi kloer, datt mir déi Gesetzer brauchen."

Am Hierscht gëtt tëscht den EU-Institutioune virun iwwert déi nei Transparenz-Reegele fir d'Paien verhandelt.