Den OGBL schwätzt op Nofro hi vun engem geplangte "ganz massiven" Ofbau vu Personal beim Transport- a Logistikdéngschtleeschter, deen am Cargo-Zenter um Findel aktiv ass a ronn 150 Leit beschäftegt. Ufank Mee haten d'Verhandlunge fir e Sozialplang bei Panalpina ugefaangen.
De Schwäizer Grupp Panalpina mat der Lëtzebuerger S.A. waren am August d'lescht Joer vum dänesche Logistikkonzern DSV fir 4,6 Milliarde Schwäizer Frang kaaft ginn. Dës Reprise an Ëmstrukturéierungen hunn e groussen Impakt op d'Personal, esou den OGBL. Ufank vum Joer war bei Panalpina hei zu Lëtzebuerg schonn e "Plan de maintien dans l'emploi" ënnerschriwwe ginn.
Den dänesche Grupp DSV beschäftegt weltwäit eng 60.000 Leit an ass an 80 Länner aktiv.