Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg an der Kritik vum Europaparlament

Steierflucht

Lëtzebuerg an der Kritik vum Europaparlament

Annerhalleft Joer laang hu sech d'Europa-Parlamentarier mat Blanchiment, Steierflucht a Steierhannerzéiung befaasst. De President vun der Enquêtë-Kommissioun spuert net mat Kritik par rapport zu Lëtzebuerg. Et wieren net déi néideg Mesurë geholl ginn, fir de Fäll, déi duerch déi sougenannte Panama Papers opgedeckt goufen, nozegoen. Lëtzebuerg hätt misse virausgesinn, datt aneren EU-Memberlänner Steiersuen entginn, heescht et am Rapport.

auto_stories

4 min

D'Presentatioun vum Rapport vun der Enquêtë-Kommissioun am Europaparlament kënnt nëmmen e puer Deeg nodeems d'Journalistin Daphne Caruana Galizia op Malta duerch e Bommenattentat ëm d'Liewe koum. Den 20. Februar dëst Joer haten d'Membere vun der Kommissioun d'Daphne Caruana Galizia op Malta getraff.

Schock nom Doud vu maltesescher Journalistin

"D'Daphne Caruana Galizia war eng Heldin an deem Sënn, datt si d'Autoritéiten hannerfrot huet, datt si opdecke wollt, wie vun der politescher Elite a Geldwäsch involvéiert war", seet den sozialdemokrateschen Europa-Deputéierte Jeppe Kofod. "D'Noriicht vun hirem Doud war e Schock, ech denken, déi maltesesch Autoritéite brauchen Hëllef vu baussen, fir dee Mord opzeklären". Hien ass ee vun den Auteure vum Rapport vun der Kommissioun, iwwert deen e Mëttwoch (18. Oktober) am Parlament ofgestëmmt gouf.

"Vu Lëtzebuerg aus huet net jidderee kooperéiert"

"Malta ass ee spezielle Fall", seet de President vun der Enquêtë-Kommissioun, de Werner Langen. D'Land hätt permanent refuséiert, der Kommissioun Donnéeën zur Verfügung ze stellen. Kee Wonner, datt de Werner Langen mat där Zesummenaarbecht guer net zefridden ass. A sengem Bilan spuert den däitschen CDU-Politiker awer och net mat Kritik par rapport zu Lëtzebuerg.

Ënner anerem hätte verschidde Leit, dorënner "ee fréieren Affekot an haidege Staatssekretär" refuséiert, an der Kommissioun gehéiert ze ginn. Gemengt war do konkret de Guy Arendt, Lëtzebuerger Staatssekretär fir Kultur, deen an de Panama Papers zitéiert gëtt.

Anescht wéi an enger nationaler Enquêtë-Kommissioun kéint een d'Leit net zwéngen, an d'Europaparlament ze kommen, seet dozou de Lëtzebuerger Member an där Kommissioun, den CSV-Europadeputéierte Frank Engel.

D'Aarbecht vun der Enquêtë-Kommissioun hätt dowéinst Limitten, wat de Frank Engel bedauert. Hien denkt do manner u Lëtzebuerg, wéi u Malta, wou ee senger Meenung no dem Korruptiounsverdacht misst op europäeschem Niveau nogoen.

Allerdéngs hunn eng Partie Leit refuséiert ze kommen. Oder si hunn, wéi de maltesesche Premier, keng substantiell Aussoe gemaach. Vläicht och dowéinst bleift de Rapport vum Parlament dacks éischter vague. Et wier schwéier gewiescht, Kompromësser iwwert d'Formuléierungen ze fannen, gëtt de Rapporteur Jeppe Kofod zou.

Dat louch awer och dorun, datt vill Deputéiert sech dogéint wieren, konkret Länner beim Numm ze nennen, wann et dorëms geet, Kritik ze üben. Hie wier do gären méi wäit gaange wéi seng konservativ Kollegen, sou den Jeppe Kofod. Allerdéngs stéing an der Annexe vum Rapport alles dran, och iwwert d'Enquête par rapport zu Lëtzebuerg.

Méi staark Kontrolle vun Intermediairen

Op verschiddene Plazen ass de Rapport selwer allerdéngs zimlech däitlech: Déi Länner mat de meeschten Offshore-Entitéite wéi Lëtzebuerg, Groussbritannien oder Zypern hätte missen de Verdacht hunn, datt aneren EU-Memberlänner Steiere verluer ginn, heescht et do. A weider: Zu Lëtzebuerg wiere vill Offshore Compagnië ganz offensichtlech just mam But gegrënnt, fir Steieren z'ëmgoen.

Dem Werner Langen no ass Haaptfro, ob effektiv all méiglech Mesurë geholl goufen, fir deene Fäll, déi duerch d'Panama Papers opgedeckt goufen, nozegoen. Lëtzebuerg wier do "kee Musterbeispill", sou den däitsche Chrëschtdemokrat. Den Informatioune vum Parlament no wier no den Revelatioune vun de Panama Papers beispillsweis nëmmen een Affekot zur Rechnung gezu ginn, sou de Werner Langen, dee fënnt, datt d'Aktivitéite vun den Intermediairë méi schaarf vum Staat misste kontrolléiert ginn.

Memberlänner sinn net transparent

Méi Kontrolle sinn och op europäeschem Niveau néideg, sou eng wieder Konklusioun vum Rapport. Déi Europäesch Kommissioun misst dofir méi Mëttelen zur Verfügung gestallt kréien.

De Rapport gräift och d'Memberlänner am Allgemengen un: Si géife sech a Steierfroe vill ze mann austauschen. A si waren och net prett, dem Parlament Informatiounen iwwert deen Austausch zur Verfügung ze stellen. D'Protokoller vun de Sëtzunge vum Code of Conduct Grupp, an deenen d'Länner ënnerteneen iwwert Steierfroe beroden, ware gréisstendeels geschwäerzt, sou de Werner Langen. Hie schwätzt vun enger Provokatioun vun de Memberlänner par rapport zum Europaparlament a fuerdert méi Transparenz.

Konkret Recommandatiounen eréischt am Dezember

Iwwert d'Recommandatiounen, déi sech aus dem Rapport vun der Enquêtë-Kommissioun erginn, si sech d'Parlamentarier nach net eens. Doriwwer gëtt am Dezember ofgestëmmt.

Et wier däitlech ginn, datt d'Parlament limitéiert ass a sengen Enquêten, mä an deem legale Kader hätt d'Kommissioun eng gutt Aarbecht gemaach, sou de Bilan vum Rapporteur Jeppe Kofod.

Hien ass net deen eenzege Member vun der Enquêtë-Kommissioun, deen um Enn festgestallt huet, datt hir Aarbecht eigentlech misst virugoen. "Si ass wahrscheinlech ni eriwwer", sou de Jeppe Kofod.