Radioen

On air

Moiesstudio  |  Louis Culture, Tora-i, Richie - Babe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pandemie huet Aarbecht fir ONGe méi schwéier gemaach

ZIVILGESELLSCHAFT

Pandemie huet Aarbecht fir ONGe méi schwéier gemaach

D'Corona-Pandemie huet den Alldag vun der sou genannter Zivilgesellschaft verännert. Fir vill ONGe sinn d'Aarbechtskonditioune méi schlecht ginn. Dat seet eng nei Etude vun der Europäescher Agence fir Grondrechter, bei där och Lëtzebuerger Organisatioune mat gemaach hunn.

auto_stories

4 min

400 ONGen hunn op de Questionnaire vun der Europäescher Agence fir Grondrechter mat Sëtz zu Wien geäntwert. Hir Aussoe sinn deels alarmant. D'Pandemie huet hiert Liewe méi schwéier gemaach, iwwerall an Europa, sou eng vun de Konklusioune vun der Etüd.

"Das ist eine der wichtigsten Erkenntnisse: Es gibt kein Land, in dem die Zivilgesellschaft sagen würde, es passt alles."

Dat seet d'Waltraud Heller, d'Auteure vun der Etüd. Wärend der Pandemie hunn däitlech méi ONGe Menacen oder Attacke beklot, sou d'Mataarbechterin vun der Agence.

Attacken an Drock hunn zougeholl

40 Prozent vun den Organisatiounen hunn uginn, si wieren online verbal attackéiert ginn. Een Drëttel sot, et hätt Hetz-Campagne géint hir Organisatioune ginn an zéng Prozent goufe juristesch ënner Drock gesat. Et goung och ëm Morddroungen oder physesch Attacken, déi an där Form vrun der Pandemie net erlieft goufen.

"Wir sprechen da von tätlichen Angriffen gegen Mitarbeiter und Mitarbeiterinnen von Organisationen. Von den 400 Organisationen, die auf unsere Anfragen geantwortet haben, haben zehn nur im Jahr 2020 erlebt, dass ein Mitarbeiter tätlich angegriffen wurde."

Déi allermeescht ONGen hunn uginn, datt Drock vu baussen op si gemaach gëtt.

"Wir haben elf Länder, wo keine einzige Organisation gesagt hat, wir fühlen uns von der Regierung unter Druck gesetzt, bei allen anderen haben zumindest eine Organisation. Ja wir fühlen uns unter Druck. Das kann vieles heißen, kann sein rechtlich, kann sein politisch..."

Lëtzebuerg huet zu deenen eelef Länner gehéiert, allerdéngs heescht dat net, datt et keng Problemer ze bekloe waren, seet d'Waltraud Heller.

"Wir wissen, dass überall ein Problem mit der Partizipation, mit einer sinnvollen Teilhabe besteht. Da geht es zum Beispiel darum, dass NGO's vor Gesetzesvorschlägen um Input gebeten werden, dass es dafür genug Zeit gibt, dass der Input auch angenommen wird oder es danach ein Feedback gibt, warum das nicht passiert ist. Das ist wirklich in jedem Land so."

ONGe goufen nämlech, wéi och scho virun der Pandemie, Affer vu Niewewierkunge bei der Ëmsetzung vu Gesetzer. Dat war zum Beispill op Zypern oder a Lettland bei Gesetzer géint Terrorismus oder Blanchiment de Fall.

"Es gibt unterschiedliche Nebeneffekte. Die sind oft vom Gesetzgeber so nicht gewollt. Sehr oft werden sie ausgeräumt. Nur ist das mühsam, würde man von vornherein besser konsultieren, würde das gar nicht erst passieren."

D'Pandemie huet Problemer beim Finanzement verschäerft

D'Aschränkung vum Reesen oder sech ze versammelen hat och ganz praktesch Konsequenzen. Et war dacks net einfach, déi respektiv Zilgruppen ze erreechen. Méi ewéi d'Hallschent vun den Organisatiounen hunn uginn, si hätte Problemer, hir Aarbecht ze finanzéieren.

D'EU-Agence fir Grondrechter, déi d'ONGen zanter véier Joer consultéiert, huet bei hirer Analys festgestallt, datt de Choix vun de Regierungen, wéi eng Projete finanzéiert ginn, deels vun Eegenotz gedriwwen ass:

"Über die letzten Jahre gab es eine Verschiebung weg von der Bewusstseinsbildung hin zu Dienstleistungen für den Staat, soziale Dienstleistungen, die der Staat erbringt. Deswegen sieht die Finanzierungssumme vielleicht in der Summe gleich aus, doch es gab die Verschiebung weg von der Bewusstseinsbildung. Diese stellt jedoch ein ganz wichtiger Teil der Arbeit der Zivilgesellschaft."

EU-Recht gëtt net ëmmer agehalen

D'Agence recommandéiert een enke Monitoring vun der Aarbecht vun der Zivilgesellschaft, fir esou Entwécklungen entgéint ze wierken. Wat de Finanzement ugeet, hätt grad d'Pandemie gewisen, wéi wichteg et ass, net nëmme Projete ma och d'Infrastruktur ze fërderen, sou d'Waltraud Heller. Projete sinn dacks ewechgefall, d'Fix-Käschten awer net.

Et ass och den Appell, un d'Länner, sech un d'EU-Gesetzer ze halen. Dat ass, esou weist et des Etude, net ëmmer de Fall. Verschidden ONGen, déi anonym bleiwe wollten hunn uginn, si hätte physesch oder aner Menacë bei den Autoritéite gemellt, hätten awer dono ni méi eppes dovun héieren.