Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nick Waterhouse - Late In The Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Paradigmewiessel duerch UN-Konventioun"

Rechter vu Mënsche mat Behënnerung

"Paradigmewiessel duerch UN-Konventioun"

Den UN-Comité fir d'Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung zitt ee gemëschte Bilan iwwert d'Ëmsetze vun der entspriechender UN-Konventioun. De Grand-Duché huet d'Konventioun 2011 ratifizéiert. 2012 huet d'Regierung een Aktiounsplang ausgeschafft. Et wier awer nach net alles ëmgesat ginn, seet d'Fabienne Rossler, Generalsekretärin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

auto_stories

4 min

D'Zil vun der UN-Konventioun ass eng inklusiv Gesellschaft. Dat heescht, eng Gesellschaft un där jidderee kann deelhuelen a matwierken. D'Konventioun schaaft an deem Sënn keng nei Rechter. Mä mécht déi Rechter, déi et ginn, zougänglech fir Leit mat enger Behënnerung, präziséiert d'Fabienne Rossler vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. D'CCDH krut 2011 d'Missioun, d'Ëmsetzung vun der Konventioun z'iwwerwaachen.

Paradigmewiessel duerch UN-Konventioun

"Als consultativ Mënscherechtskommissioun si mir der Meenung, datt d'UN-Konventioun iwwert d'Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung ee grousse Paradigmewiessel mat sech bruecht huet. An der Approche, grad ewéi an der Attitüd vis à vis vu Persoune mat enger Behënnerung."

Et hätte sech vill betraffe Leit mobiliséiert, déi d'Organisatioun "Nëmme mat eis" an d'Liewe geruff hunn. Och d'Regierung hätt villes ënnerholl, seet d'Fabienne Rossler. 2012 huet d'Regierung een nationalen Aktiounsplang ugeholl, deen eng ganz Rei u Moossname virgesäit.

"Handlungsbedarf a ville Beräicher"

De Comité vun de Vereenten Natiounen iwwert d'Rechter vun de Leit mat enger Behënnerung huet elo een éischte Rapport erausbruecht iwwert d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg. Des Conclusioune baséieren op engem Rapport vun der Regierung, engem alternative Rapport vun der Zivilgesellschaft an engem Rapport vun der Mënscherechtskommissioun. Enn August hunn sech all d'Acteuren zu Genf, am Sëtz vun de Vereenten Natiounen, getraff. Deen Dialog wier u sech ganz konstruktiv gewiescht, seet d'Fabienne Rossler.

"D'Regierung huet vill Efforte gemaach, mais d'Tatsaach, datt vill Recommandatiounen am Rapport vum UN-Comité stinn, weist, datt nach net alles ëmgesat gouf. D'Recommandatiounen, déi sech mat deene vun der Zivilgesellschaft an der CCDH iwwerschneiden, weisen, datt et nach a ville Beräicher een Handlungsbedarf gëtt."

Präzis Donnéeën néideg

Zu Lëtzebuerg gëtt et ee ganz grousse Problem wat d'Sammele vu Statistike betrëfft, bedauert d'Fabienne Rossler. D'Donnéeë géifen net systematesch gesammelt ginn. Ouni déi Informatioune kéint ee keng effikass Politik entwéckelen. Déi Donnéeën, déi de Grand-Duché iwwert Mënsche mat enger Behënnerung huet si ganz allgemeng. Et gi keng Informatiounen iwwert de Leit hire spezifeschen Handicap.

Reform vum Gesetz iwwert Tutelle feelt

Dat aktuellt Gesetz iwwert d'Tutelle wier zimlech restriktiv. Een eenzege Riichter géif d'Decisioun op Grond vum Avis vun engem Dokter huelen. Dat heescht, ouni, datt d'Persoun selwer oder Leit aus hirem Entourage consultéiert ginn. An och wann et drëms geet, de Vertrieder vun där Persoun festzeleeën, géif déi betraffe Persoun net ëm hiren Avis gefrot ginn.

Vill betraffe Leit, an och hiert Ëmfeld oder hir Famill, géifen d'Modalitéite vun der Tutelle net verstoen. Si géifen net wëssen, wat se maache solle wann et zum Beispill ee Problem mat engem Tuteur géif ginn, esou d'Fabienne Rossler. "D'Regierung huet schonn an hirem Aktiounsplang 2012 eng Reform vun der Tutelle ugekënnegt. Wou mer bis haut awer nach net wësse wéini, datt déi Reform da soll kommen."

Et wier wënschenswäert wann dës Reform am Aklang mat der UN-Konventioun wier, seet d'Fabienne Rossler. Déi gesäit nämlech och fir, datt de Wëllen, d'Preferenzen an d'Autonomie vun der betraffener Persoun solle berécksiichtegt ginn.

D'Persoun soll déi néideg Hëllef kréie fir Entscheedungen, déi si betreffen, selwer kënnen ze huelen. Do schwätzt een da vun "assisted decision-making". Am Moment wier et awer éischter esou, datt ee guer keng Entscheedunge selwer kann huelen. An deem Fall schwätzt ee vun "substitute decision-making", esou d'Fabienne Rossler. Der CCDH-Generalsekretärin no, wier d'Konzept vun "Design for all" ee grousst Stéchwuert vun der Konventioun. Et wier d'Viraussetzung fir eng inklusiv Gesellschaft.

Zougang zum Aarbechtsmaart

Am Aarbechtsberäich wier et wichteg, datt méi Leit um regulären Aarbechtsmaart integréiert géife ginn. Néideg wier iwwerdeems een Iwwergang vum "Atelier protégé" op den Aarbechtsmaart, esou d'CCDH. Ee weidere Punkt wier d'Sensibiliséierung vun den Entreprisen, fir Leit mat enger Behënnerung anzestellen. Och um Niveau vum Staat gëtt et Handlungsbedarf, seet d'Fabienne Rossler. All Joer schaaft de Staat 50 nei Aarbechtsplaze fir Persounen, déi de Statut vum "Salarié handicapé" hunn. An allen ëffentleche Servicer missten op d'mannst fënnef Prozent Persoune mat deem Statut schaffen. Dat ass fir den Ament net de Fall, kritiséiert d'Fabienne Rossler.

Interview Fabienne Rosslerplay_arrow