Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kraak & Smaak - Ready For Ya Feat. Otis Kane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beem géint d'Hëtzt zu Paräis

Waarm Temperaturen

Beem géint d'Hëtzt zu Paräis

37 Grad am Juni: Dat ass déi héchsten Temperatur, déi zu Paräis jee gemooss gouf. Klimaexperte warnen, datt a knapp drësseg Joer d'Temperaturen an der franséischer Haaptstad souguer op bis zu 50 Grad klamme kënnen. Dofir sollen elo méi Gréngfläche geschaaft gi fir géint d'Hëtzt an der Stad virzegoen, mee bei der Planifikatioun ginn et och Contraintë.

auto_stories

4 min

De Christophe Najdovski, Vizebuergermeeschter vu Paräis huet eng Missioun: Hien ass responsabel dofir, déi ambitionéiert Begréngungsstrategie vun der Stad ëmzesetzen.

"Mon rôle à moi c'est d'essayer de végétaliser la ville. Ce n'est pas simplement de créer les espaces verts parce que c'est bien mais ça ne suffit pas. Il faut également végétaliser les rues et végétaliser les toits. Et donc c'est l'objectif maintenant que nous poursuivrons. C'est de faire en sorte de mettre du vert partout: au sol, sur les murs, mais aussi sur les toits."

Pläng fir Gréngflächen ze verduebelen

Bis 2026 soll et an der Stad duebel sou vill Gréngfläche gi wéi elo. Dofir sollen en total 170.000 nei Beem geplanzt ginn - ugefaangen op der Champs-Élysées.

Déi wuel bekanntsten Avenue aus Frankräich beandrockt den Ament virun allem mat hirem Verkéiers-Kaméidi. Dat soll sech bis d'olympesch Spiller 2024 änneren: De Buedem soll opgerappt a beplanzt ginn, zu de 400 Beem sollen der 107 bäikommen.

2026 soll esouguer den Deel nieft der Place de la Concorde eng Foussgängerzon ginn. Vill Automobiliste sinn domadder manner zefridden, ma vis-à-vis zur globaler Äerderwiermung hätt d'Stad keen anere Choix, erzielt de Vizebuergermeeschter Najdovski:

"On voit les effets du changement climatique jour après jour, mois après mois. Et on sait que ça va pas s'arranger. Aujourd'hui on est dans une course de vitesse. L'adaptation de nos villes face au changement climatique on peut plus attendre."

Begréngung och aus gesondheetleche Grënn

Déi breet Stroossen an déi ëffentlech Plazen aus Pawee oder Granit sinn am 19. Joerhonnert installéiert ginn - ënner anerem fir d'Verbreedung vu Krankheeten ze bremsen. Elo sollen déi Steng nees ewech, an och dat aus gesondheetleche Grënn.

D'Hëtz an déi schlecht Loftqualitéit fragiliséiere virun allem eeler Bewunner. D'Begréngung vun der Stad wier deemno definitiv kee Luxusproblem, erkläert d'Ëmweltwëssenschaftlerin Marie Gantois:

"Le fait de végétaliser, c'est intéressant pour mieux supporter le jour mais aussi la nuit. On sait que c'est la nuit, on a de plus en plus de problèmes de santé publique, s'il fait trop chaud pendant la nuit , les organes ne peuvent pas récupérer et donc sont plus fragilisés et c'est ainsi qu'on se retrouve avec une mortalité importante en période de canicule."

D'Marie Gantois fuerscht fir d'Stad Paräis un enger Klima-Etüd, déi Enn des Joer erschénge soll. Hir Resultater aus de leschte fënnef Joer weisen: Déi gefillten Temperatur bei enger Canicule fält ëm bis zu zéng Grad, wann d'Stroosse mat Beem beplanzt sinn.

Verschidde Contraintë bei der Planifikatioun

Trotzdeem deet sech Paräis mat der Begréngung méi schwéier wéi aner Haaptstied an Europa. D'Stad ass dicht besidelt, vill Metro-Linne befannen sech nëmme knapp fënnef Meter ënnert dem Buedem an déi meescht ëffentlech Plaze stinn ënner Denkmalschutz. Dat mécht d'Landschaftsplanifikatioun méi schwéier, sou de Vizebuergermeeschter Christophe Najdovski:

"On a également des places qui ont évidemment une valeur patrimoniale. Et bien les autorités de l'État estiment que ces places doivent rester patrimoniales et minérales, ça veut dire sans présence de végétales."

Sou versicht d'Policeprefektur, de Projet vun der Foussgängerzon op der Champs-Élysées ze kippen. Mee zu de kulturelle Contraintë kommen och nach ëmweltlecher dozou, seet d'Fuerscherin Marie Gantois:

"Quand on va dans des évolutions climatiques où il va faire de plus en plus chaud on aura aussi très certainement de plus en plus de difficultés à avoir des ressources en eau suffisantes pour arroser tous les végétaux qu'on souhaite planter. Ce lien à l'eau est fondamental, il doit être réfléchi dès la plantation. Est-ce qu'on continue d'arroser les végétaux ? Est-ce qu'on plante des végétaux qui ont moins besoin d'eau, du coup ont moins besoin d'être arrosé ?"

Den Ament ginn déi meescht Parke mat gefiltertem Waasser aus der Seine genat. Wann de Niveau vum Floss awer weider erof geet, muss een op aner Bewässerung-Strategie setzen. Zum Beispill andeems een d'Beem a Mulde planzt, wou sech d'Waasser besser opstaut. Ausserdeem muss d'Reewaasser däitlech besser gesammelt gi wéi bis elo.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.