Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet Dikrech: Ernest Nilles gëtt Procureur d'Etat

Justiz

Parquet Dikrech: Ernest Nilles gëtt Procureur d'Etat

Dat krute mir vun zwou gutt informéierte Sourcë confirméiert. Den Arrêté Grand-Ducal muss nach vum Regierungsrot ugeholl ginn, wat awer eng Formalitéit ass.

auto_stories

1 min

Den Ernest Nilles iwwerhëlt d'Funktioun vum Aloyse Weirich, deen dësen Hierscht no aacht Joer als Procureur d'Etat zu Dikkrech an d'Pensioun geet. Den Ernest Nilles ass zënter néng Joer Juge d'instruction directeur. Hien ass ënnert anerem zoustänneg fir d'Instruktiounen an der Bommeleeër-Affaire an am Dossier Chamberleaks. Neien Direkter am Cabinet d'instruction gëtt eisen Informatiounen no den Eric Schammo. Och um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg gëtt et eng personell Ännerung: Op den éischten November gëtt de Pierre Calmes do President fir d'Joséane Schroeder, déi an d'Pensioun geet.