Hannergrond si Virwërf, déi e fréiere Mataarbechter vun JOIN schrëftlech niddergeschriwwen huet nodeems hien d'Firma virun engem Joer verlooss huet. D'Persoun, déi mat JOIN am Clinch war, huet ënner anerem behaapt, fréier Manager vun der Firma hätte gréisser IT-Rechnungen iwwer hir Kreditkaarte lafe gelooss fir privat vu Miles-and-More-Bonifikatiounen ze profitéieren.
JOIN gouf 2013 gegrënnt a gehéiert zanter zejoert zu 100 Prozent der Post. JOIN huet gréisser Scholden, d'Post ass am Gaangen de Geschäftsmodell vun JOIN ze iwwerdenken. D'CSV-Fraktioun kritiséiert zanter dem Hierscht, d'Post hätt bei JOIN vill Suen hänke gelooss.
Nodeems déi zoustänneg Chamberkommissioun de Post-Direkter Claude Strasser gehéiert huet, huet d'CSV verlaangt, datt de Procès-Verbal vun där Reunioun un de Parquet geschéckt gëtt. Eenzel Elementer kéinte strofrechtlecher Natur sinn, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, President vun der Wirtschaftskommissioun, huet sech retizent gewisen no der Demande vun der CSV. Et misst ënner anerem iwwerpréift ginn, ob d'Chamber dee Procès-Verbal aus Grënn vun Dateschutz einfach esou kann un de Parquet weiderginn, an ob déi Demande net misst vum Parquet kommen.