Politescht Zeechen 20 Deputéiert maache Parrainage fir 24 iranesch Prisonéier

Dëse Parrainage wier e wichtegt politescht Zeechen, dat hinnen an de Leit am Iran vill géif bedeiten, seet d'Anna Fatholahzadeh vum "Comité luxembourgeois pour la Défense des droits de l'homme en Iran". D'Djuna Bernard an de Paul Galles erkläre, firwat si beim Parrainage matmaachen.

Vesna Andonovic / sam

E Plakat op engem Protest mat der Fuerderung, datt politesch Prisonéier am Iran solle fräigelooss ginn
E Plakat op engem Protest fuerdert, datt politesch Prisonéier am Iran solle fräigelooss ginn. Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey

Lauschteren


Hoffnung op méi Informatiounen an e faire Prozess

Duerch d'Parrainage vun den Deputéiert géif ee sech erhoffen, méi Informatiounen iwwer déi zum Doud Verurteelt ze kréien, erkläert d'Anna Fatholahzadeh vum "Comité luxembourgeois pour la Défense des droits de l'homme en Iran".

Et géif een och hoffen, datt dës Persounen am Iran e faire Prozess kréien, well aktuell wier dëst net de Fall:

"An de Rapporten, déi mir kréie vu verschiddenen ONGen gëtt eben erkläert, datt déi Leit oft keen Accès zu engem Affekot hunn, datt si hir Famill net gesinn oder datt si zum Beispill gefoltert ginn am Prisong."

Djuna Bernard: Eng ganz wichteg Initiativ

Et wier e politesche Sujet, deen elo an der Aktualitéit wier - an awer géif de Sujet dreeën, séier an d'Vergiessenheet ze gerode bei de Leit, mengt d'Djuna Bernard vun déi gréng.

D'Vize-Presidentin vun der Chamber parrainéiert den Ali Moazami-Gudarzi. Hie géif symbolesch fir Dausende Leit am Iran stoen, an dëst wier eng wichteg Initiativ well een als Parlamentarier een Akzent ka setzen:

"[...] wou mir einfach wëssen, mir hunn e gewësse Poids andeem mir dat public maachen, andeem mir do kënnen e Bréif schreiwen op d'iranesch Ambassade op Bréissel, fir einfach Drock ze maachen. Et ass einfach en direkt Gesicht, wou ee ka symbolesch ee Schutz iwwerhuelen."

Paul Galles: Hoffnung, eppes ze bewierken

Och de CSV-Deputéierte Paul Galles huet net laang gezéckt, fir e Parrainage fir de Parham Parvari ze iwwerhuelen. D'Fro vun de Mënscherechter géif him perséinlech um Häerz leien, an hie versprécht sech duerch säi Parrainage dräi Saachen. Niewent der Sensibiliséierung wier och d'Solidaritéitsbekenntnis vis-à-vis vun den iranesche Matbierger wichteg:

"Do sinn der ganz vill, déi do drop reagéieren. Dat huet mech och iwwerrascht, wéi vill Leit (...) elo sech do ganz staark ugesprach fillen an och ganz frou doriwwer sinn, datt mir dat als Deputéiert maachen."

Natierlech wier dat eigentlecht, grousst Zil awer, datt een e klenge Bäitrag dozou kéint leeschten, datt d'Situatioun sech ännert.

Och wann hien net wéisst, wat de Parrainage ka bewierken, seet de Paul Galles, et misst een alles maachen, wat ee kéint maachen: " Alles anescht läit net an eisen Hänn, mee ech hoffen datt et eppes ka bewierken."

D. Bernard: Och e klengt Land huet Verantwortung

D'Argument, datt e klengt Land ewéi Lëtzebuerg näischt beweege kéint, géif si net gëlle loossen, erkläert d'Djuna Bernard:

"Mir hunn als Lëtzebuerg grad ewéi aner Länner eng Verantwortung an och en diplomatesche Reseau, dee mir mussen aktivéieren. Also sech do hanner der Klengheet vu sengem Land verstoppen ass fir mech a kenger Fro vu weltwäite Problem och iergendwéi eng Léisung."

Fir si wier d'Aktioun méi ewéi e Facebook- an en Twitter-Post, esou nach d'Deputéiert vun déi gréng. Et géing dorëm goen Bewosstsinn ze schafen, a si wier bereet, op Dauer Verantwortung fir hiert "Patekand" ze iwwerhuelen an doduerch de Sujet lieweg, an den Drock héich ze halen.


Update vum 28. Dezember

Wéi de Comité luxembourgeois pour la défense des droits de l'Homme en Iran per Communiqué matgedeelt huet, sinn zwee Parrainage bäikomm: den DP-Deputéierte Gilles Baum an den LSAP-Deputéierte Carlo Weber hätten allebéid zwee Parrainagen iwwerholl. Alles an allem wieren elo 20 Deputéiert, déi esou ee Parrainage vun alles an allem 24 Prisonéier am Iran iwwerholl hunn.

Am Schreiwes preziséiert de Comité, datt déi Verurteelt all Journalisten a Schrëftsteller wieren.

Méi zum Thema

Manif 17 Oktober 2022
EU - Iran

Wéinst de brutale Repressioune géint Manifestant:inne vum iranesche Regime, verhänkt d'EU Sanktioune géint den Iran. Allerdéngs sinn d'Mesurë géint eelef Persounen a véier Entitéiten éischter virsiichteg.

Mahsa Amini
Protester am Iran

No dem Doud vun der 22-järeger Mahsa Amini am Iran halen d'Demonstratiounen an hirem Numm un - et geet ëm Mënschen- a Fraerechter. Wéi empfannen Iranerinnen zu Lëtzebuerg d'Protester an hirem Land?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen