SES Partenariat mat Boeing versprécht méi Leeschtung a Flexibilitéit

De Lëtzebuerger Satellitte-Bedreiwer SES huet ee Partenariat mam amerikanesche Constructeur Boeing annoncéiert, fir den Ausbau vu senge Breetband-Internet-Capacitéiten. Boeing soll an den nächste Jore siwe Satellitte liwweren. Domat soll eng zweet SES-Generatioun vu Maschinne geschaaft ginn, déi sech a méi niddregen Héichten am Weltall beweege wéi geostationär Satellitten. Déi nei Technologie vu Boeing soll méi gënschteg sinn, méi Bandbreet a méi Flexibilitéit bidde wéi déi éischt Generatioun.

Michel Delage / ys

Satellitte-Produktioun bei Boeing
Satellitte-Produktioun bei Boeing (Foto: Boeing / Gladys Wickering)

D'Video- a Fernsehgeschäft bedéngt d'SES mat hire 50 geostationäre Satellitten, déi also stabil op enger Positioun stinn. De Marché vun der Iwwerdroung vu Breetband-Donnéeë leeft dogéint de Moment haaptsächlech iwwer 12 a geschwënn 20 Satellitten, déi am Weltall méi niddreg zirkuléieren. Aus där Héicht gëtt et praktesch keen Delai méi beim Signal.

D'Filial O3b, déi d'SES d'lescht Joer opkaaft hat, huet fir dës éischt Generatioun vu Satellitten nach mam franséisch-italienesche Konzern Thales Alenia Space zesummegeschafft. Elo huet d'SES ee Partenariat mat den Amerikaner vu Boeing fir de Bau vun der zweeter Generatioun annoncéiert. Eng Commande vu siwen neie Satellitten, déi 2021 solle lancéiert ginn.

Méi Capacitéit a Flexibilitéit

Dës nei Generatioun vu Satellitte géifen ee qualitative Sprong géifen duerstellen, seet den SES-Pressespriecher Markus Payer. Si géifen exponentiell méi leeschte wéi déi aktuell Satellitten.

Fir de kommerzielle Réckgang an anere Beräicher ze kompenséieren, setzt de Lëtzebuerger Satellitte-Bedreiwer SES zënter kuerzem op de Breetband-Internet. Déi nei Satellitten-Technologie, déi Boeing elo matbréngt, soll méi gënschteg sinn, ee méi groussen Territoire ofdecken a virun allem eng méi grouss Flexibilitéit bidden.

"Dir kënnt den Trafic op dëser Flott an Echtzäit zu all Moment switchen an dohinner bréngen, wou et gebraucht gëtt", seet de Markus Payer.

US-Arméi als Client?

Eng Technologie, déi zum Beispill fir den Transport um Mier interessant ass. Oder och fir Arméien. Déi spezialiséiert Publikatioun "Space Intel Report" schreift, datt d'SES mat der Breetband-Technologie virun allem och déi amerikanesch Arméi als grousse Client wéilt gewannen.

Ass dat ee Gronn, firwat sech d'SES fir d'Amerikaner vu Boeing an net fir d'Europäer vun Thales entscheet huet? "Mir hunn no reng wirtschaftlechen Aspekter entscheet", seet de Markus Payer. An et géif bis elo kee groussen Anker-Client ginn. "Dat ass eng Feelinformatioun. Dëse System wäert enger breeder Bandbreet vu Clienten zur Verfügung stoen. Dosenden, honnerten, wann net dausenden."

D'SES ass awer net déi eenzeg Firma, déi op méi kleng Satellitte setzt. Wéinst de méi niddrege Käschte kommen nei Acteuren op de Marché. Dozou gehéiere Start-upe wéi OneWeb a SpaceX oder d'Google-Mammegesellschaft Alphabet.

Méi zum Thema

E Satellit am Orbit
GovSat-1

D'Virbereedunge fir de Militär-Satellit lafe gutt, seet de Patrick Biewer vu LuxGovSat. Enn dës Jores soll de kommerziellen, respektiv operationelle Betrib vum GovSat-1 kënnen ufänken.

Philippe Glaesener.JPG
Wirtschaft

De Satellittebedreiwer wëllt an de chinesesche Marché eraklammen. D'SES kéint awer net dofir responsabel gemaach ginn, datt déi chinesesch Regierung den Internet staark iwwerwaacht, esou de Philippe Glaesener.

Space X.JPG
SES

​Op der amerikanescher Weltraum-Statioun Cape Canaveral ass eng Rakéit vun der Firma SpaceX explodéiert. Eng Firma mat där de Satellittebedreiwer SES zesummeschafft fir e Satellit ze lancéieren.

satellit.jpg
Weltraum

D'SES vu Betzder ass mat 53 geostationäre Satellitten de weltwäit gréisste Satellittebedreiwer. An déi Satellitte wëlle betreit an op Orbit gehale ginn. Just wéi? Erklärungen aus dem Kontrollraum.

 

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen