Radioen

On air

Espresso Beats  |  Blaudzun - Everything Stops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Personal-Manktem ass gréisste Problem"

Police-Reform

"Personal-Manktem ass gréisste Problem"

Wéinst neien Erausfuerderungen a Missiounen ass d'Police ënnerbesat, esou de Pascal Ricquier. Dofir begréisst de Gewerkschaftler déi geplangte Police-Reform: déi gesäit nämlech 500 nei Rekrutementer vir.

auto_stories

3 min

"Déi Reform muss kommen, do si mir eis eens": de President vun der Policegewerkschaft SNPGL wënscht sech zwar nach Ännerungen un de Gesetzestexter, schwätzt awer vun enger "am grousse Ganze gudder Saach fir d'Police". Firwat, dat begrënnt de Pascal Ricquier ëmmer nees mat den zousätzleche Rekrutementer, déi virgesi sinn. Ouni déi Zuel ze nennen, gesäit de Gesetzprojet vun der Regierung de Rekrutement vu bis zu 500 zousätzleche Poliziste vir.

Bessere Schoulofschloss verlaangt

Datt d'Police-Inspekteren an Zukunft e Premièresdiplom brauchen an dofir och méi verdéngen, hätt mam Schoulsystem ze dinn: "Fréier war eng Premiere d'Sécherheet, datt ee schreiwe konnt. Haut ass dat net méi de Fall", esou de Pascal Ricquier. 90 Prozent vun den Inspekteren, déi an de leschte Joren agestallt goufen, hätten eng Première, géifen awer net vill besser schreiwe wéi Leit mat enger Onzième.

D'Gewerkschaften an d'Regierung hunn ausgehandelt, datt ronn 400 Beamten nom Akraafttriede vun der Reform an déi besser B1-Carrière wiessele kënnen, och wa se kee Premièresdiplom hunn. Leit mat méi Anciennetéit hu Prioritéit. Den SNPGL gëtt zou, datt dat den Ament zu interne Streidereien an der Police féiert.

Rivalitéiten tëscht de Carrièren

De Pascal Ricquier weess och, datt et an der Police ëmmer Reiwereien tëscht de verschiddene Carrièrë vum Inspekter, dem Brigadier an den Offizéier (Carrière supérieure) goufen. Dovu misst een ewech komme well dat wier net gutt fir d'Police. Jidderee misst mat doru schaffen, soss wier dee Mentalitéitswiessel net méiglech. Virun allem eeler Beamte kéinte sech vläicht net domat identifizéieren.

Datt d'Gewerkschafte sech op eenzel Carrièrë spezialiséieren, fënnt de Pascal Ricquier awer richteg. Den SNPGL vertrëtt eegenen Aussoen no d'Inspekteren an d'Brigadieren, net awer d'Offizéier, déi eege Gewerkschaften hunn.

Ordre public vs Privatsphäre

D'Reform gesäit vir, datt d'Police bei enger "graver, imminenter a konkreter Gefor" fir den Ordre public dierf e Sécherheetsperimeter ariichten sou wéi Haiser an Autoen duerchsichen. Dem SNPGL-President geet de Begrëff "imminent" ze wäit: "Wa mer musse waarde bis et imminent ass, riskéiere mer ze spéit z'intervenéieren oder heiansdo guer net".

Dem President vun der Policegewerkschaft SNPGL no ass et och wichteg, datt d'Police et verschiddene Leit verbidde ka sech op bestëmmte Plazen opzehalen. Wien haut déi ëffentlech Rou stéiert, kéint just vun der Police ewech gespaart ginn. Mat engem Platzverweis géif eng nei Méiglechkeet agefouert ginn, déi net sou wäit geet, esou den SNPGL-President. D'Gesetz kéint kloer reegelen, wéini e Platzverweis méiglech wier a wéini net. Wann d'Regierung kee Platzverweis fir Mendicitéit wéilt, kéint se dat am Text festhalen. De Pascal Ricquier seet, den Etienne Schneider (Minister fir d'Bannescht Sécherheet, LSAP) an de Felix Braz (Justizminister, Déi Gréng) wiere géint esou eng Mesure. An der Police-Reform ass d'Méiglechkeet vum Platzverweis net virgesinn. D'CSV an d'ADR hu sech an der Chamber awer dofir ausgeschwat, d'DP sot, si wier Bereet doriwwer ze diskutéieren.