Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Passivhaiser, deen neie Standard

Bausecteur

Passivhaiser, deen neie Standard

Lëtzebuerg huet als éischten EU-Staat d'Direktiv ëmgesat, déi Passivhaiser zur Norm mécht. Zënter dem 1. Januar mussen all nei Wunngebaier dësem Standard entspriechen. Domat wier de Grand-Duché Virreider an Europa, heescht et vun der Regierung. Wéi hunn d'Entreprisen aus dem Bausecteur an d'Architekte sech op de Changement virbereet? A gëtt de Bau vun engem Passivhaus méi deier?

auto_stories

3 min

Passvihaiser musse souwuel an der Isolatioun wéi an der Effizienz d'Energie-Klass A erreechen. Dee gréissten Deel vun der Energie, déi géif gebraucht gi fir d'Bannentemperatur op engem minimalen Niveau ze halen, misst aus passiven Energiequelle stamen, erkläert de Steve Weyland. Hien ass Architekt a Member vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs.

Dës nei Norm baséiert op enger EU-Direktiv, déi eigentlech eréischt 2021 misst ëmgesat ginn. "Mir wollten, datt de Lëtzebuerger Bau e Virreider am energieeffiziente Baue gëtt", betount de Patrick Koehnen, Vize-Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun. Dofir wier d'Echeance bëssen no vir gezu ginn.

Preparatioun op d'Passivhaus-Norm

D'Handwierker-Federatioun wier schonn zanter e puer Joren am gaange fir d'Betriber ob d'Échéance vum 1. Januar 2017 virzebereeden. Dowéinst wier 2014 d'Initiativ "LuxBuild 2020" lancéiert ginn, sou de Patrick Koehnen. An deem Konsortium wieren d'Fédération des Artisans, d'Chambre des Metiers, My Energy an den Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment. Ënner anerem wieren d'Coursen un dat energieeffizient Bauen ugepasst ginn.

Donieft hätt d'Federatioun vun den Handwierker och Coursen fir intern Formatiounen a fir extern Coachen a Betriber ausgeschafft. D'Bau-Entreprisë wieren, dem Patrick Koehnen no, deemno scho méi laang gutt virbereet. Et wiere schonn eng ganz Rei Passivhaiser gebaut ginn.

D'Käschte vum Passivhaus

Den Ënnerscheed am Präis vun engem Niddereg-Energie-Haus an engem Passivhaus wier net sou gravéierend, wéi dacks gemengt géif ginn. Ee Passivhaus wier ongeféier fënnef bis zéng Prozent méi deier, schätzt de Patrick Koehnen.

Dat wier senger Meenung no net vill, well ee beim Passivhaus een Optimum zwëschent de Käschten an der Energieeffizienz géif kréien. Par Rapport zu engem traditionellen Haus géif de Verbrauch vu Mazout vun 13 op 3 Liter pro Quadratmeter am Joer erof goen.

Et sollt ee sech awer net erwaarden, datt een déi zousätzlech Käschten fir de Bau direkt no dräi Joer nees eran hätt, betount den Architekt Steve Weyland. Wéi vill ee spuere kéint, géif vu verschiddene Kritären ofhänken. Zum Beispill dovunner, wéi een a sengem Haus lieft, wéi ee mam Haus ëmgeet.

Staatlech Hëllef beim Bau

De Bau vun engem Passivhaus wier effektiv liicht méi deier, gëtt och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zou. Déi zousätzlech Käschte kéint een awer mat der nogebesserter PRIMe House vum Staat ausgläichen.

Dat hätt een och vun Experten iwwerpréiwe gelooss, ënnersträicht déi gréng Ministerin. D'PRIMe House baséiert op engem gestaffelte System, erkläert d‘Carole Dieschbourg. Dat heescht: d'Subventioun fält méi héich aus, wat méi nohalteg an ëmweltfrëndlech Materialie fir de Bau benotzt ginn. Dat soll d'Bauhären dozou ureege fir sech beim Neibau fir méi nohalteg Materialien z'entscheeden. Ëmweltschiedlech Materialien, géifen elo och komplett aus der Ënnerstëtzung erausfalen, ënnersträicht d’Emwëltministesch.

Bis zu 24.000 Euro kéint een als PRIMe House kréien, seet d'Carole Dieschbourg. Duerch d'Notze vun erneierbaren Energië kéint een zousätzlech bis zu 35.000 Euro kréien. Dat soll d'Leit dozou bewege fir sech Gedanken ze maachen an sech fir nohalteg Solutioune beim Neibau z'entscheeden, betount d’Ëmweltministesch.

D'Emissioune vum Logement

D'Haaptzil vun der EU-Direktive wier et, fir eng Reduktioun vun den Co2-Emissiounen z'erreechen. D'Gebaier géifen e groussen Deel vun den ausgestoussenen Emissiounen ausmaachen. Zu Lëtzebuerg mécht de Logement eleng 12,5 Prozent vun den Emissiounen aus. "Tëschent 2012 an 2015 hu mir schonn 12 Prozent vun den Emissiounen am Beräich Wunnengsbau reduzéiert", erkläert d'Carole Dieschbourg.

Duerch de Populatiouns-Wuesstem wieren dat 30 Prozent Reduktioun vun Co2-Emissiounen op de Kapp. Dat misst elo sou viru goe virun allem fir d’Paräisser-Klimaschutz-Ziler z'erreechen, ënnersträicht d‘Ëmweltministesch. Mat deem neie Standard Passivhaus, wier dat och duerchaus ze maachen.