Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patiente solle genee Bescheinegung vu Prothees ufroen

Implant Files

Patiente solle genee Bescheinegung vu Prothees ufroen

Patienten, déi Problemer mat engem Implantat hunn, solle sech un d'Patientevertriedung adresséieren. An déi, déi deemnächst eng Prothees agesat solle kréien, sollen eng genee Bescheinegung dovu vum Dokter verlaangen. Dat seet de President vun der Patientevertriedung, René Pizzaferri, an der Suite vun de sougenannten "Implant Files".

auto_stories

3 min

Eng Partie Medien, dorënner d'Süddeutsche Zeitung, haten ufanks leschter Woch presuméiert Mëssstänn bei medezineschen Implantater opgedeckt. Deemno hätten dausende Patiente weltwäit Implantater mat Feeler agesat kritt. An d'Produzente vun den Implantater géife liewensgeféierlech Tëschefäll vertuschen.

D'Patientevertriedung hätt no de Revelatiounen an hirem Archiv no Reklamatiounen zum Thema gesicht. Zum Beispill iwwer Protheesen, déi ersat hu misste ginn, seet de René Pizzaferri. Dat wier en Hiweis dorop, ob d'Prothees vun Ufank un net gutt war, oder ob se ersat gouf, well se net gutt agesat gi war. Dat kéint ee momentan net soen. D'Gesondheetskeess géif zwar wuel d'Nummer vun der Prothees matgedeelt kréien, déi agesat gouf, mee do wiere keng Fabrikatiounsindikatiounen dobäi, esou de René Pizzaferri.

Patiente solle genee Bescheinegung vu Prothees ufroen

Dat géif géint europäesch Reglementatioun verstoussen, esou de President vun der Patientevertriedung. Patienten déi deemnächst eng Prothees agesat solle kréien, sollen eng genee Bescheinegung dovu vum Dokter verlaangen. Dat wier de Patienten hiert Recht, esou de René Pizzaferri. All Dispositif medical misst zertifiéiert sinn, an et misst nogewise ginn, vu wou datt d'Prothees géif kommen. Aus wéi engem Material d'Prothees gemaach wier, wier egal.

CNS huet méiglecherweis ze vill bezuelt

De René Pizzaferri verweist och op d'CNS. D'Prozedur géif nämlech net virgesinn, fir d'CNS ze informéieren, firwat de Fall gesat eng zweet, nei Prothees agesat gi wier, esou de President vun der Patientevertriedung. Am Fall vun Operatioune wéinst Protheese wier d'CNS dann ënner Ëmstänn fir eng Prothees opkomm, déi ersat hätt misste ginn, well se feelerhaft war. Sou hätt d'CNS dann eppes bezuelt, wat se net hätt solle bezuelen, mengt de René Pizzaferri.

E weidere Problem wier dem President vun der Patientevertriedung no, datt verschidden Doktere selwer d'Demande géife maache fir Protheesen. Déi Leit géifen dann déi Prothees huelen, vun där si mengen, datt dat déi Bescht wier. An dorop hätte souguer verschidde Spideeler keng Asiicht.


De Panorama-Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow


CNS: "Autoriséiert Implantater hunn europäesch Zertifikatiounen"

Vun der CNS heescht et an enger schrëftlecher Reaktioun, déi zu Lëtzebuerg autoriséiert Implantater hätten europäesch Zertifikatiounen. D'Gesondheetskeess géif wëssen, wéi eng medezinesch Dispositiffen zertifiéiert wieren, hätt awer keen Abléck, wéi eng Implantater a wéi enger Quantitéit an deene verschiddene Spideeler géife benotzt ginn.

Et géif een d'Conclusioune vun ënnerschiddleche rezenten Etüden enk suivéieren an et géif een déi zoustänneg Instanzen domat confrontéieren, fir ze iwwerpréiwen op alleguerten déi néideg Dispositioune geholl gi fir d'Qualitéit vun de Soinen, déi d'Gesondheetskeess hiren Assuréen ubitt, ze garantéieren.

D'Implantater géife vun de Spideeler an Zesummenaarbecht mam Corps médical kaf ginn. An de Spideeler géif et eng zoustänneg Kommissioun ginn, déi mam Gesondheetsministère géif zesummeschaffen a gemellten Tëschefäll weiderginn.

Et wieren och d'Spideeler, respektiv d'Dokteren, déi mat de Patienten a Kontakt triede géifen, wa Problemer mat medezineschem Material gemellt géife ginn.