Radioen

On air

Concert  |  Beethoven, Haydn, Schumann an Debussy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat fuerdert Sozialplang, OGBL schwätzt vun "Alarmismus"

Bausecteur an der Kris

Patronat fuerdert Sozialplang, OGBL schwätzt vun "Alarmismus"

De Groupement vun de Bau-Entrepreneuren an d'Federatioun vun de Bau-Entreprisë schloen Alarm. Zuelen, déi de Statec Mëtt Juli publizéiert huet, géife kloer drop hindeiten, datt et schlecht géif ausgesi fir de Secteur. 102 Faillitten hätt et zum Beispill dëst Joer scho ginn, dat wier ee Rekord fir dës Zäit vum Joer, sou de Pol Faber vum Groupement am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Matzen am Congé collectif fuerdert de Groupement des entrepreneurs, datt d'Gewerkschafte lo séier mam Patronat un een Dësch komme fir iwwer ee Sozialplang ze schwätzen.

12.000 Dausend Leit schaffen am Bausecteur zu Lëtzebuerg, eng grouss Majoritéit dovun ass am Moment net um Chantier, mee am Congé. Datt dëse Communiqué riskéiert d'Leit onnéideg ze veronséchere mengt de Pol Faber, Generalsekretär vum Groupement, net.

"Mir wëlle jo alles probéieren, fir d'Leit an der Aarbecht ze halen an dofir hu mer jo och gefrot fir eis mat de Gewerkschafte kënnen zesummenzesetze fir déi Problemer do ze léisen."

Chiffrë weisen op eng ganz schwiereg Lag hin

An déi Problemer wiere manifest, fënnt hien. Net nëmmen d'Faillitten am Bau, mee och d'Chiffren aus dem Beräich vun den Immobilie-Verkeef, vun de Banken a vun den Architekte géifen drop hiweisen, datt d'Lag weider ganz schwiereg géif bleiwen.

Een Unzeechen dofir wier de groussen Interessi vun den Entreprisë wann et ëm Projeten aus der ëffentlecher Hand geet.

"Wann an der Zäit eng 10 Entreprisë pro Marché public soumissionnéiert hunn, dann ass et dës Kéier dat duebelt, voire plus."

Dat géif sech dorop schléisse loossen, datt déi Bauentreprisen, déi normalerweis am Hausbau aktiv waren, sech elo probéieren ëmzeorientéieren a wesentlech méi op Marchés publiques ginn.

E Sozialplang fir de Secteur

Wat de Secteur elo géif brauche wier op mannst ee Plan de Maintien de l'emploi, ee Plang dee virgesinn ass fir eng Kris ze antizipéieren. Am Léifste géifen d'Entrepreneuren awer sou séier wéi méiglech iwwer dee konkrete Sozialplang fir se Secteur schwätzen. Wie genee vun de Beschäftegten aus dem Secteur betraff wier, misst e kucken, erkläert de Pol Faber.

"Ech well awer lo net den Däiwel un d'Wand molen, datt dat och elo fir déi 12.000 de Fall wier, mee et ass eng Situatioun déi alarmant ass.

An enger éischter Reaktioun weist de Jean-Luc de Matteis dee fir de Secteur beim OGBL zoustänneg ass, drop hin, datt fir de September souwisou eng Entrevue tëschent Gewerkschaften a Patronat virgesinn ass fir iwwer d'Lag am Secteur ze schwätzen.

Hie stellt grondsätzlech a Fro, datt d'Ëmsetzung vun engem sektorielle Sozialplang iwwerhaapt méiglech wier a schwätzt vu Alarmismus.