Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michael Kiwanuka - Cold Little Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat fuerdert weider Baisse vu Betribsbesteierung

UEL

Patronat fuerdert weider Baisse vu Betribsbesteierung

Ënnert der leschter Regierung war de Besteierungstaux scho vun 29 op 26 Prozent erof gaangen. Mä d'Betriber géifen haut 50 Prozent méi Steiere bezuelen, wéi nach viru fënnef Joer, seet de Michel Wurth. Grond wier déi gutt Wirtschaft, mee och eng méi breet Besteierung wéinst europäesche Reegelen. Lëtzebuerg wier dowéinst net méi kompetitiv genuch, mengt den UEL-President.

auto_stories

2 min

D'Reform vum Aarbechtsrecht a méi Flexibiliséierung ass eng aner Fuerderung vun der UEL. No Adaptatioune fir d'Salariéë mam Ausbau vum Congé parental, wier et elo un de Betriber, seet de President vum Patronatsverband a vun der Chambre de Commerce. Betriber bräichten eng gewëss Flexibilitéit. Wa méi Aarbecht do wier, kéint och méi geschafft ginn, an ëmgedréint, esou de Michel Wurth.

"Et ass nëmmen esou, datt mir méi héich Produktivitéit kënne kréien an déi héich Léin, déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn, och kënne weider bezuelt ginn."

"Ee Kand an de Réck gemaach"

An der Bipartite hätt ee versprach kritt, datt et an d'Richtung vun enger Reform vum Aarbechtsrecht am Sënn vum Patronat géif goen.

"An du krute mir ee Kand an de Réck gemaach - wéi een dat op Lëtzebuergesch seet - aus parteipolitesche Grënn. Dat hu mir immens regrettéiert. Wann ech haut mat de Kleng- a Mëttelbetriber schwätzen, da soe si: "Dat dote geet elo duer."

Eng weiderer Aarbechtszäitverkierzung wier fir d'UEL keng Optioun. "Mir sinn einfach hei zu Lëtzebuerg ze deier par Rapport zu de Nopeschregiounen", esou nach de Michel Wurth. Wann een hei am Land de "Kär vun der Lëtzebuerger Wirtschaft" wéilt halen - am Handel, am Handwierk an am Horesca-Beräich - dann dierft een net maachen, "wéi wann d'Ëmfeld ronderëm eist Land net géif existéieren."