CSV Paul Galles: "Den Tankrabatt ass net méi néideg"

D'CSV hält en Tankrabatt net méi fir néideg: Als kuerzfristeg Reaktioun op d'Energiekris hätt d'Subventioun vun de Spritpräisser Sënn gemaach, esou den CSV-Deputéierten Paul Galles am 100,7-Interview.

Rick Mertens / cbi

Paul Galles
De Paul Galles ass CSV-Deputéierten an ass grad op der COP27. Foto: Archiv

Seng Partei hätt déi Mesure och gär nach bis Enn des Jores verlängert, et wier een awer elo zouversiichtlech, datt d'Stéid déi nächst Méint och ouni Tankrabatt géifen iwwerstoen.

"Mir sinn zouversiichtlech, datt et elo och ouni den Tankrabatt an dëse Méint geet."

D'CSV wéilt déi "Iwwergangsmesure" an Zukunft dann och net méi afuerderen, seet de Paul Galles.

Warne viru Verbuetspolitik

D'CSV wiert sech dogéint, datt d'Klimapolitik sech net zu enger Verbuetspolitik entwéckelt. Esou liest een et zum Beispill an engem Depliant, deen d'Partei viru Kuerzem un d'Stéit uechter d'Land verschéckt huet.

Mee erliewe mer ënner der aktueller Regierung dann iwwerhaapt eng Verbuetspolitik? De Paul Galles preziséiert, datt ee virun enger méiglecher Verbuetspolitik warnt.

"Et gouf Elementer vu Verbuetspolitik, wou gesot ginn ass: Et dierf een elo kee Fleesch méi iessen, et dierf een hei net méi et dierf een do net méi. An dat ass jo eigentlech och eng relativ iwwerdriwwen Iwwerleeung. Wann ee seet: Da komm mir ginn hi mat eise Lëtzebuerger Baueren a mir produzéieren a mir consomméiere lokal. Et gi jo eben aner Méiglechkeete fir d'Gewunnechten ze änneren."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Semion Smolenskiy
Weltklimakonferenz

Nieft de groussen nationalen Delegatiounen sinn och vill aner Leit op der COP27 ënnerwee. Ënner hinnen ass och de Semion Smolenskiy, Premièresschüler aus dem Ettelbrécker Lycée. Mir hunn eis mat him ënnerhalen.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen