Néng Memberen aus dem Gemengerot vun der Fusiounsgemeng haten de 27. Februar d'Demissioun vum ganze Schäfferot vu véier Membere verlaangt, wéinst enger ganzer Rei vu Kritikpunkten an engem Mangel u Vertrauen.
An der Gemengerotssitzung de 15. Mäerz goufen et elo weider Kritike vun de Conseilsmemberen un d'Adress vum Schäfferot: et hätt ee generell kee Vertraue méi an de Buergermeeschter an an déi dräi Schäffen, esou eng zentral Ausso. Rieds goung vun eidele Verspriechen an engem iwwerfuerderte Schäfferot. Sträitpunkte sinn de Finanzplang vun der Gemeng, Differenzen iwwer Bauprojeten an iwwer d'Aart a Weis, wéi geschafft gëtt.
No e puer Appelle vum Buergermeeschter an der Gemengerotssitzung fir Problemer intern ze klären, an net iwwer d'Press, ass de Paul Mangen zum Schluss zur Conclusioun komm, datt hie keng Majoritéit méi huet an net méi Buergermeeschter wëllt bleiwen.
Nach net gewosst ass, ob déi dräi Schäffen op hire Poste bleiwen. Déi nei Gemeng Helperknapp gëtt et zanter dem 1. Januar 2018: et ass eng Fusioun vun de béide Gemenge Béiwen/Attert an Tënten.