Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Neo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ruge vum Presserot fir RTL

Affär Lunghi-RTL

Ruge vum Presserot fir RTL

De Bäitrag an der fréierer RTL-Emissioun "Den Nol op de Kapp" vum 3. Oktober d'lescht Joer hätt net d'Exigenze vun enger journalistesch impeccabeler Berichterstattung erfëllt, heescht an engem Communiqué vum Presserot. Duerch d'Manipulatioun vun de Biller wier d'Realitéit verzerrt ginn. De Presserot huet eng formell Ruge géint RTL a géint déi responsabel Journalisten ausgesprach.

auto_stories

2 min

Paul Peckels, President vum Conseil de Presse

Den RTL-Interview Mëtt September 2016 mam deemolege MUDAM-Direkter Enrico Lunghi hätt net den ethesche Regele vum Deontologie-Kodex vum Conseil de Presse entsprach, esou de Presserot a senger Resolutioun vun haut. Den Deontologie-Kodex präziséiert an den Artikelen 9b a 9c, datt eng Manipulatioun vun Toun a Bild kloer markéiert muss ginn.

Am betraffenen Interview gouf d'Bild ëm 20 Sekonne gekierzt, während den Toun ouni Ënnerbriechung weidergelaf ass. De Presserot gesäit doran eng Manipulatioun, déi den Zuschauer an d'Ier kéint leeden. Am Communiqué huet de Conseil de Presse all d'Medien dozou opgefuerdert, esou Manipulatiounen ze vermeiden.

Wat bedeit Ruge?

De Paul Peckels, President vum Conseil de Presse, gesäit an dëser Ruge géint RTL a géint déi responsabel Journalisten en Opruff "un all d'Medienhaiser zu Lëtzebuerg, esou Saachen an Zukunft ze vermeiden."

Den Deontologie-Kodex misst am Virdergrond stoen, sou de Paul Peckels. "Fir de Conseil de Presse ass dëst eng ganz wichteg Mesure, fir d'Credibilitéit vun der Press oprecht z'erhalen. Mir mussen dofir suergen, datt eis Lieser an Auditeuren och an Zukunft kënne Confiance an déi Saachen hunn, déi si liesen oder héieren."

"Hüter vum Deontologie-Kodex"

De President vum Presserot gesäit an Affäre wéi dëser eng Gefor fir d'Credibilitéit vun der Press. "A wann een am Ausland kuckt, da gëtt et scho vill Diskussiounen dorëm. Hei geet et einfach dorëm, datt Journalisten, déi den Deontologie-Kodex ënnerschriwwen hunn, sech och dorunner halen. Mir gesinn eis als Hüter vum Code de Deontologie a loossen och näischt dorukommen", sou de Paul Peckels.

D'Decisioun fir d'Ruge géint RTL a géint d’RTL-Journalisten haut vum Conseil de Presse ass majoritär awer net eestëmmeg gefall. De Presserot huet 30 Memberen: 15 Vertrieder vun den Editeuren a 15 Journalisten. Déi béid Vertrieder vun RTL hunn net um Vote participéiert.

De Paul Peckels am 100,7-Interviewplay_arrow