Aarbechtswelt Aarbechtszäiten: D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën

D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën, ob hir Partei am Walkampf fir eng allgemeng Reduktioun vun der Aarbechtszäit wäert antrieden. "Waart op eise Walprogramm", esou déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin de Méindeg de Moien op d'Fro, ob si sech fir eng Reduktioun vun der legaler Aarbechtszäit wëllt asetzen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Paulette Lenert
D'Paulette Lenert ass déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin.

Éier si sech festleet, wéilt si op d'Resultater vun enger Etude waarden, déi den Aarbechtsminister an Optrag ginn huet, esou d'Paulette Lenert.

Et misst ee fir d'éischt verstoen, wéi eng Systemer et gëtt a gutt se fonctionéieren. Eréischt da kéint een een adaptive System fir Lëtzebuerg proposéieren.

"An ech wëll dat gär verstoen, a wann een eng Etude an Optrag gëtt, da bedeit dat fir mech, datt een déi mat Interesse liest, wa se kënnt, an dann dono vläicht méi schlau ass, wann een iwwer d'Theema diskutéiert, ewéi am Virfeld, soss bräicht ee keng esou Etuden ze maachen."

Steierreform ass noutwenneg

D'Paulette Lenert ass fir Stéierentlaaschtunge bis wäit an d'Mëttelschicht eran. Déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin confirméiert, datt d'LSAP sech am Walkampf wëllt dofir asetzen, datt jiddereen dee manner wei 11.600 Euro am Mount verdéngt steierlech entlaascht gëtt.

Wéi vill esou eng Steierreform géif kaschten, konnt d'Paulette Lenert op Nofro hin awer net soen. Si huet awer betount hir Partei wéilt esou eng Reform ëmsetzen, och wa se géif bedeiten, datt Staatsschold da méi ewéi 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ausmécht.

"Eng Steierreform ass eppes, wat an d'Zukunft geriicht ass, an dat kann een net ëmmer krisenofhängeg loossen. Et ass eppes Strukturelles. Si ass längst iwwerfälleg. An et ass fir eist Land wichteg, datt mer effektiv net weider an déi Richtung auserneen dreiwen, wei mer et elo sinn."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert
Santé publique

Déi etappeweis Legaliséierung vum Cannabis soll 2023 op hir lescht Ligne droite goen. Ob dat bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod awer nach finaliséiert ka ginn, kann d'Gesondheetsministesch awer net garantéieren.

IRM Potaschbierg
Konventioun gouf ënnerschriwwen

Den IRM Potaschbierg begréisst, datt hiren Zenter elo offiziell eng Zouloossung vun der Santé krut. De Moien hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Center Hospitalier CHL déi néideg Konventioun ënnerschriwwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen